1.485 Euro fir d’Fondation Autisme

Den éischte Weekend am August hunn d’Victory Riders Lëtzebuerg mam “Hard Ball” hir grousst Motorradstreffen hei zu Beefort. D’Editioun 2019 war wéi déi virlescht Manifestatiounen och dëst Kéier ee grousse Succès.

De leschte Samschdeg hu se sämtlech Fräiwëlleger an Ënnerstëtzer op ee Spaghettisiessen bei de Mato ageluede fir Merci ze soe fir hir Aarbecht an hiren Asaz. Bei dëser Geleeënheet hu se ee Scheck an Héicht vun 1.485 Euro un d’Fondation Autisme iwwerreecht. Mat dëse Sue gëtt ee vun den dräi Standuerten an zwar deen zu Rammerech ënnerstëtzt.    

Den Datum vun der fënnefter Edition vum “Hard Ball” steet och fest an zwar vum 31. Juli bis den 2. August.