Rock’n’Classics 2019

Gëschter Owend war den Optakt vun der éischter Editioun vun de Rock’n’Classics zu Beefort. Am Géigesaz zu de viriichte Concerte steet dëss Kéier de Bannenhaff vum Renaissance-Schlass am Mëttelpunkt.

Agelaut den Owend vum 15jährege Frano aus Kroatien, deen och an den nächsten Deeg wäert d’Leit op “Temperatur” bréngen. Den Headliner vum Owend war Manfred Mann’s Earth Band, déi mat Hits ewéi “Blinded by the Light” oder “Davy’s on the Road Again” bekannt sinn.

Eng Fotosgalerie vum éischte Concert, deen iwwer 1.000 Leit gesinn hunn: