HardBall 4

De leschte Weekend wor zu Beefort dat gréisst Motorradtreffen vum Typ Victory an Indian an der Groussregioun an am Benelux-Raum. Am Géigesaz zu de leschten Editiounen gouf dës Kéier d’Treffen, vun de Victory Riders Luxembourg VMC organiséiert, freides a samschdes ofgehal.

Freidesowes stoung Bluesmusek am Mëttelpunkt während e Samschdeg iwwer 100 Motorrieder beim Charity Run matgemeet hunn. Den Tour hat eng Längt vun ongeféier 70 Kilometer a goung ënner anerem duerch Dikrech an dem Mëllerdall mat enger Paus zu Jonglënster.

Den Dag gouf mat Musek an Animatioun ofgeschloss.