Indianerfest am Tipi-Duerf

Gëschter Owend war et rëm souwäit. Bei summerlechen Temperaturen huet dat mëttlerweil traditionellt Indianerfest am Tipi-Duerf um Camping Plage stattfonnt an organiséiert gouf d’Fest vum Beeforter Syndicat d’initiative et du tourisme.

Sou wéi an de Jore virdrun hunn “The Roadrunners Country Band” fir Musek an Ënnerhalung gesuergt. Net nëmmen d’Touristen um Camping mais och eng Rei Beeforter hu sech op dëser Plaz afonnt an zesummen hu se e puer flott Stonne an enger gemittlecher Ambiance verbruecht. Grouss a Kleng hunn op de Lidder vun der Band gedanzt an d’Haaptattraktioun fir d’Kanner war de Facepainting. Ähnlech wéi d’Indianer haten och si faarweg Gesiichter, déi se houfreg hiren Elteren a Frënn gewisen hunn.