Fir 20 a 15 Joer geéiert

An de leschte Jore mécht den Hotel Meyer kuerz virun Ouschteren rëm seng Dieren op. Et gehéiert zur Traditioun, datt den Dag virdrun eng Personalfeier ass bei däer laangjähreg Mataarbechter geéiert ginn.  Dëst Joer waren dat den Isaias Borges fir 20 Joer an de Manuel Fernandes fir 15 Joer. Alle béid schaffen am Service.

Op der Foto gesäit ee vu lenks no riets: Manuel Fernandes, Isaias Borges, Luc Gierten, Claudine Gierten a Paul Gierten.