35.037 Visiteuren

Präsenz an de soziale Medien zielt mat zu den Haaptgrënn, firwat an de leschte Joren d’Zuel vun de Visiteuren konstant an d’Luucht gaangen ass. 2013 hu 26.350 Leit d’Dire vum Schlass passéiert an d’lescht Joer waren der da 35.037. Des Weidere kommen nach 1.103 Followers op Instagram, Facebook 5.211 Likes an op Twitter 218 Followers bäi.

Dës a weider Zuelen goufen an der Generalversammlung vun den Amis des Châteaux de Beaufort virgestallt. D’Philosophie vum “Corporate Design” gouf virugefouert an esou sinn eenheetlech Broschüren iwwert d’Schlässer a véier Sproochen erauskomm. D’Personal erkennt een un de verschidde Poloen a Westen. Nieft der Publicitéit an de verschidde Supporten national an international huet d’Schlass mam Nummereschëld “BC1192” ee weidert Aushängeschëld kritt. De grénge VW Caddy mat Loftopnahme vum Schlass ass nët nëmme bei den Touristen een Hikucker. “BC” steet fir “Beaufort Castles” an d’Zuel fir d’Joer an dem d’Buerg fir déi éischte Kéier ernimmt gouf. Ee grousse Merci goung un d’Lynn Weydert, dat den “Corporate Design” entworf an déi sozial Medien betreit huet.

De Site vun de Schlässer ware rëm eng Kéier d’Kuliss vun enger Rei Manifestatiounen. D’Ouverture vun der neier Saison gouf mat “MagiCastle Nights” agelaut, den nationale Sängerdag an d’Lëtzebuerger Lidderfouer, den éischte russesch-lëtzebuergesche Festival, Schlassfest, Beaufort Festival, e puer Workshops fir Fotografen an e puer Film- a Videoopnahmen a Reportage stoungen d’lescht Joer um Programm. Un de sechs Rittertouren hu sech 200 Leit bedeelegt. Des Weideren huet de lokalen Äishockeyclub “Beaufort Knights” e puer Spots fir den Heemmätsch unzekënnege gedréint.

Am Agenda fir dëst Joer sti rëm de russesch-lëtzebuergeschen Dag, déi speziell Führungen an der Touristesaison an eventuell ee mëttelalterleche Chrëschtmaart. Grouss Concerte sinn direkt net geplangt. Am Gespréich war zum Beispill Joan Baez a mat der Zouso hätt ee versicht nach zwee Concerten ze organiséieren. An de leschte Joren gouf et eng Käschtenexplosioun a fir et finanzéieren ze kënnen, misst een Tickete relativ deier verkafen. Des Weidere kënnt nach ee pädagogescht Kannerbuch eraus. 

Patrick Sanavia, Vertrieder vum Kulturministère, ass op déi zukënfteg Aarbechten um Site agaangen. Esou hofft een, datt d’Toiletten nach dëse Summer erneiert ginn. Des Weidere gëtt d’Heizung am Renaissance-Schlass ersat, den Daach erneiert an et kuckt een de Parvis komplett mat Pavé-Steng ze beleeën. An der nächster Zukunft ass een didaktesche Raum geplangt.

De Verwaltungsrot setzt sech zesummen aus: Anne-Marie Linckels-Volme (Éierepresidentin ), Christiane Steinmetzer (Presidentin), Guy Hanff (Vizepresident), Georges Rischette (Sekretär), René Champagne (Keessier an Delegéierte vum Syndicat d’initiative et du tourisme), Danièle Kohn-Stoffels, Patrick Sanavia a Magalie Tasch (Vertrieder vum Kulturministère) a Lily Scholtes a Jean-Luc Nosbusch (Delegéierte vun der Gemeng). Keesserevisore sinn d’Antoinette Fisch an de Jean-Pierre Winandy.