Eng gemeinsam Zukunft

Gëschter Owend war am Theis Haus d’Generalversammlung vun der Chorale Ste Cécile Beefort a Sang mat Waldbëlleg/Haler. Obwuel déi zwou Chorale bal al Aktivitéit zesummen organiséieren an och zesummen optrieden, huet all Chorale säin eegene Comité an eege Keess. D’Zesummenaarbecht besteet zanter fënnef Joer an dës Kéier hu se fir d’éischt hir Generalversammlung gemeinsam ofgehal.

Ugefaangen huet d’Joer mat enger gemittlecher Neijoschréceptioun, déi d’Gesangskollege vu Sang mat Waldbëlleg/Haler am Veräinsbau zu Chrëschtnech virbereet haten. Bei der traditioneller Antioniusfeier am Kummelsbau koume 64 Leit op d’Iessen an d’Lisa Mariotto huet fir flott Stëmmung gesuergt.

Nieft de sechs Doudemassen hei zu Beefort gouf nach gesonge bei der Ouschtermass, Kommiounsmass, Péngschtmass, eng gemeinsam Mass mat de portugisesche Matbierger bei Geleeënheet vun der Visite vum Pilgerbild vun der Muttergottes vu Fatima hei zu Beefort, Te Deum, bei der Gedenkfeier un den aussergewéinlechen Zivilcourage vun der Famill Jodocy, beim Schlassfest, de Kiermesmassen zu Beefort an Déiljen, beim Nationale Commémoratiounsdag, op Allerséilen, bei der Caeciliafeier wou uschléissend déi zwou Chorale mat hiren aktive Memberen an hirer Famill an der Hostellerie de Beaufort ee gemittlechen Nomëtteg verbruecht hunn, d’Night-Vigil-Mass,  op der Chrëschtfeier vun de Beeforter Senioren an d’Chrëschtmetten.

D’Keess huet mat engem Boni ofgeschloss an de Veräin besteet aus 15 aktive Memberen an dem Paschtouer Carlo Morbach an der Parassistentin Josiane Mirkes.

De Comité setzt sech zesummen aus Jean Schiltz (President), Jean Vossen (Vizepresident), Eliane Donven-Seiwert (Sekretärin), Nicole Thielen-Seiwert (Trésorière) an Diana Antony-De Fouw (Member). D’Keesserevisore sinn d’Alix Steines-Braun an Jutta Oeltges-Reusch. Chorale Sang mat Waldbëlleg/Haler gëtt geféiert vum Danielle Baden-Lobitz (Presidentin), Louis Boonen (Vizepresident a Sekretär), Lony Michels-Tholl (Trésorière), Catalina van Meel-Baden, Yolande Berrend a Sylvie Leyder (Memberen). D’Keesserevisore sinn de Jhempy Schmit an d’Martine De Nutte-Hansen. Och d’Chorale vu Waldbëlleg/Haler zielt 15 aktiv Memberen an hire Reien.

De Buergermeeschter Camille Hoffmann huet de Sängerinnen a Sänger Merci gesot fir hir Aktivitéiten an, datt se sollen esou viru fueren. D’Buergermeeschtesch Andrée Henx-Greischer huet sech deene Wieder ugeschloss an déi gutt Zesummenaarbecht gelueft. D’Pastoralassistentin Josiane Mirkes huet nach dobäi ënnerstrach, datt dës Zesummenaarbecht souguer iwwert d’Grenze vun zwee verschiddene Parverbänn geet.

No der fräier Aussprooch gouf d’Generalversammlung mat engem gudde Maufel geselleg ofgeschloss.

De gemeinse Comité mat hiren Dirigenten.