40 Mol um Podium

De leschte Freideg huet den Hondssportveräin “4 Running Paws” seng Generalversammlung an der “Hostellerie de Beaufort” ofgehalen. Gegrënnt gouf de Veräin den 20. Februar 2015 an an hirer aussergewéinlecher Generalversammlung den 10. Oktober 2017 gouf décidéiert de Sëtz vu Bäerdref op Beefort ze verleeën.

De Comité setzt sech aus siwe Leit zesummen: President Monique Paulus, Vizepresident Manuel Alff, Sekretärin Marie-Josée Mertz, Caissier Guy Hilbert an nach d’Memberen Isabelle Mertz a Sandra an Thorsten Quint. An hire Reien hu se zwee international Riichter: Monique Paulus a Manuel Alff.

Fir d’Aktivitéiten ze organiséiere goufen dräi Comitéssëtzungen aberuff. D’Traininge ginn dënschdes vum Didier Saez a Marie-Josée Mertz gehalen an d’lescht Joer goufen et 42 Trainingsenheeten. De Club besteet aus 15 Leit a mat eelef Leit a 17 Hënn gouf sech bedeelegt un 19 Concoursen zu Lëtzebuerg, 13 an Däitschland, zwee an England an een an Italien. Dobäi si se 40 Mol op de Podium komm( 13 Mol déi éischt Plaz, zéng Mol déi zweet Plaz a 17 Mol déi drëtt Plaz). Als Landesmeeschterin an der Crufts huet d’Isabelle Mertz um Concours an England deelgeholl wou hir leider ee Feeler ënnerlaf ass an esou sech op déi zéngte Plaz vun 20 klasséiert huet. D’Riichter waren 13 Mol a Frankräich a fënnef Mol an Däitschland an zu Lëtzebuerg am Asaz.

Den Héichpunkt war d’Organisatioun vum Agility-Tournéier um Terrain nieft der Äispiste bei dem wärend dem Weekend 120 Starter un den Départ gaange sinn a fir d’Iessen a Drénken huet den Dëschtennis Bäerdref gesuergt.

De Keessebericht gouf op Virschlag vun de Revisoren Didier Saez a Mary Mergen ugeholl an hei kënnt et zu enger klenger Ännerung: D’Caroline Slotboom iwwerhëlt de Poste vum Marly Mergen. No de Comitéswahlen bleift alles onverännert an och de Mitgliedsbeitrag bleift bei 50 Euro.

An dësem Joer wäert de Veräin mat senge Memberen u 25 Concoursen zu Lëtzebuerg an och op der Landesmeeschterschaft deelhuelen, grad esou ewéi och an Däitschland, Frankräich, Schwäiz, Jersey an op de Qualifikatioune fir op d’Europameeschterschaft zu Wien an der Weltmeeschterschaft a Kristianstad (Schweden). De groussen Agility-Concours hei zu Beefort ass den 9. an 10. Juni rëm um Terrain nieft der Äispiste virgesinn.

Als Vertrieder vun der Gemeng huet et de Buergermeeschter Camille Hoffmann gefreet an interesséiert wéi sech d’Aktivitéite vum Veräin zesummesetzen an hie war och iwwerrascht, datt d’Memberen souvill un international Tournoien deelhuelen a souvill gutt Plazéierunge konnte maachen.

D’Generalversammlung gouf mat engem Iessen ofgeschloss.