Lëtzebuerger Nationalekipp zu Beefort

E Méindegowend huet d’Lëtzebuerger Nationalekipp am Äishockey zu Beefort op der Äispist trainéiert. Während der Saison gi puer Trainingsenheeten zu Beefort ofgehalen an dësen Training zielt zu der Virbereedung fir d’Weltmeeschterschaft, déi vum 14. bis den 20. Abrëll zu Granada a Spuenien stattfënnt. An der Divisioun 2 – Grupp B spillt Lëtzebuerg géint Israel, Spuenien, Neiséiland, Mexiko an Nordkorea.   

Den Training vu virgëschter gouf vum Co-Trainer Yves Barthels geleet.