Hierkendag op der Kummel

Et ass mëttlerweil zu enger Traditioun ginn: den Hierkendag vun de Beeforter Senioren op Äschermëttwoch. Op Äschermëttwoch ass nit nëmmen d’Fuesend eriwwer mais deen Dag fänkt och d’Faaschtenzäit un an an där Zäit (40 Deeg bis Ouschteren) gëtt ënner anerem op Fleesch verzicht. Sou steet dann haaptsächlech Fësch um Menü.

Beim Hierkendag op der Kummel goufen haut de Mëtteg agemaachten Hierkefilets mat gequellte Gromperen oder ee Kéisteller als Alternativ zerwéiert an zum Ofschloss nach Dessert a Kaffi.

De Comité vun de Senioren huet vun der Geleeënheet profitéiert fir hire weidere Programm vun den nächste Méint virzestellen. De 7. Mäerz gëtt ee Shopping-Tour an de Shopping-Center Maassen gemeet an d’Owesiessen ass am Restaurant Reiff zu Fëschbech bei Cliärref.

E Sonndeg, den 8. Abrëll, sinn d’Leit an de Kummelsbau op d’Spaghettisfest invitéiert. Mat engem Apéritif geet et um 11.30 Auer un an deen Dag ass fir musikalesch Animatioun an eng Tombola gesuergt.

Vum 7. bis den 11. Mee fueren d’Seniore mam Bus a Süd-Holland. Um Programm stinn ënner anerem d’Visite vu Gouda, Keramikmanufaktur zu Delft a Keukenhof.

Umellunge gi beim Léonie Switala ënnert der Nummer 83 61 79 ugeholl an de leschten Termin fir sech unzemellen ass den 28. Februar fir de Shopping-Tour, de 26. Mäerz fir d’Spaghettisiessen an den 31. Mäerz fir de Bustour a Süd-Holland.