Antoniuskiermes vun der Chorale

D’Chorale Ste Cécile vu Beefort mat der Chorale Sang mat Waldbëlleg-Haler huet gëschter op d’Antoniuskiermes an de Kummelsbau invitéiert. Nom Apéro gouf d’Mëttegiessen opgedëscht: Kiermeszopp, Judd mat Gaardebounen a Speckgromperen an als Dessert Taart a Kaffi.

Kuerz op 15 Auer huet d’Chorale Branebuerg, Laaschent a Baastenduerf ee Concert ginn an eng flott Tombola huet den Dag ofgeronnt.