Zum Wuel vun de Leit an der Regioun

An der Jugendherberge war de leschte Samschdeg d’Generalversammlung vun de Beeforter Pompjeeën. No de Mercien huet de Kommandant Alex Pereira ënnerstrach, datt obwuel kee spektakuläert Joer war, kee vun de Pompjeeë bei den Asätz an Übunge blesséiert gouf. Ee grousse Stellewäert hunn d’Weiderbildung an déi permanent Übunge mam moderne Material. Net méi ewechzedenken ass de First Responder. D’Reform vum Rettungswiesen, déi dëst Joer den 1. Juli soll a Kraaft trieden, bréngt fir jidderee ganz vill Neierunge mat sech mais de Beeforter Pompjeescorps ass gutt opgestallt.

Zum Schluss gouf een Opruff un déi jonk Pompjeeë gemeet, datt et méiglech ass aus dem Hobby ee Beruff ze maachen. Des Weidere soll ee vun de Coursen a Séminairë profitéieren an ofschléissend gouf un de Jugendcamp vun der Regioun Osten hei zu Beefort am Juli higewisen.

Aus dem Tätegkeetsbericht vun der Sekretärin Tanja Weis geet ënner anerem ervir, datt 24 Übunge mat 384 Präsenzen an aacht Versammlunge mat de Membere mat 131 Präsenzen ofgehale goufen a sech un 21 Manifestatioune bedeelegt huet. De Comité ass aacht Mol zesumme komm. 30 technesch an zéng Brandasätz souwéi 64 Mol First Responder mécht een Total vun 104 Asätz. Dat ass däitlech manner ewéi 2016 (128 Asätz) an 2015 (179 Asätz). Beem aus der Strooss raumen (aacht), Autosaccidenter (siwen) a Beiennäschter ewechmaachen (fënnef) maachen de gréissten Deel vun den techneschen Asätz aus.

Déi meescht Präsenzen op den Asätz hunn den Andy Wagner (84), Joé Georg (76) an den Dominique Bollinger (50) a bei den Übungen steet den Andy Wagner och hei op der éischter Plaz mat 58 Präsenze virum Jérôme Vazzoler (57) an Edin Marusic. Am Laf vum Joer hunn eng Rei Pompjeeën u Formatiounen deelgeholl:
AGT Atemschutzträger: Stéphane Gaspar, Marc Kohl, Edin Marusic, Jérôme Vazzoler, Corey Dupont, Tiago Simoes Marques.
SAP 1: Corey Dupont.
Ragtal: Corey Dupont, Stéphane Gaspar, Joé Georg, Marc Hoffmann, Marc Kohl, Edin Marusic, Jean-Luc Nosbusch, Tiago Simoes Marques, Lynn Stangé, Guy Tholl, Jérôme Vazzoler, Andy Wagner, Etienne Vrolijk.
Chaîne de commandement: Alex Pereira, Andy Wagner, Joé Georg.
XVR Simulation: Alex Pereira, Andy Wagner.

Zu de Manifestatiounen am leschte Joer zielen ënner anerem: Asammele vu Chrëschtbeemercher, Après-Ski-Party um Kiosk, Buergbrennen, Grouss Botz, Meekranz, Garde um Schlass während Dréiaarbechten, Feierläscherkontroll a Summerfest um Kiosk, Schoulfest, Schlassfest, Oktoberfest (dës Kéier als Gaascht), Commémoratiounsdag an zum Ofschloss ee Familljenowend beim Mato.

25 Memberen zielen d’Jugendpompjeeën an hir Aktivitéiten huet de Jugendleeder Etienne Vrolijk virgestallt. 18 Übunge mat insgesamt 232 Présencen a 15 lokal a regional Aktivitéite mat 187 Présence goufe gezielt. Zu den Aktivitéite gehéieren ënner anerem de Verkaf vu Fueskichelcher, Völkerballtournéier zu Manternach, Sprangprëssioun, Päischtwanderung, Summerfest, regionalt Zeltlager zu Kanech, Cross zu Iechternach, eng 24-Stonnen-Übung mat Konsdrëf zu Reisduerf an eng Ofschlossübung.

Laut dem Bericht vum Caissier Joé Georg konnt de Bilan vun de Pompjeeën mat engem Boni an dee vun de Jugendpompjeeë mat engem liichte Mali ofschléissen. Op Virschlag vun de Keesserevisoren Jean Bosch an Hubert Sauber gouf Entlaaschtung erdeelt.

Zwee Pompjeeën hunn hir Kandidatur fir ee fräie Posten am Comité gestallt. A geheimer Wahl krut den Edin Marusic véier Stëmmen an de Christian Kröger 16 Stëmmen, deen domat gewielt ginn ass.

Bei der fräier Aussprooch huet de Patrick Fisch, Zenterchef vum Centre d’intervention Larochette, déi genial gutt Zesummenaarbecht mat Beefort gelueft. Ee gudden Deel vun den 1007 Asätz vun der Ambulanz ass hei zu Beefort a reng Fuerzäit aus der Fiels bis hei beleeft sech op 16 Minutten. Dank de First Responder, déi zum Deel hei zu Beefort schaffen, huet Beefort déi héchst Erfollegsquote bei der Wiederbelebung.

De Regionalinspekter Jean Bartz huet déi gutt Ausbildung a Formatioun vun de Beeforter Pompjeeën gelueft a wat de First Responder ubelaangt ass Beefort op dësem Gebitt federführend. Déi gutt Jugendaarbecht gouf ervirgehuewen an zum Schluss huet den Inspekter ugereegt fir u Pompjeesconcourse matzemaachen.

A senger Funktioun als Regionalpresident huet de Const Schwartz  déi iwwer Jore gutt Zesummenaarbecht ënnerstrach. Duerch Rumeure a Falschinformatioune gëtt villes vun der Reform futti gemeet. Zu Beefort gëtt eng fantastesch Jugendaarbecht geleescht an d’Pompjeeë solle sou weiderfueren an dat zum Wuel vun de Leit an der Regioun.

Als Schlussriedner huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann zefridde festgestallt, datt d’Pompjeeën onfallfräi vun den Asätz bei hir Familljen zréckkomm sinn an hien huet op de Virdeel higewise wann d’Pompjeeën och an der Gemeng selwer schaffen an esou ganz effektiv sinn. Déi ganz aktiv Jugendpompjeeën hu mam regionale Jugendcamp am Juli ee weideren Héichpunkt an dësem Joer. D’Aweiung vum neie Pompjeesbau wäert op jidder Fall virum Akraafttriede vun der Reform den 1. Juli sinn. D’Plënneren ass fir den 1. Abrëll virgesinn an ofschléissend huet hien op d’Noutwennegkeet vun de Rauchmelderen higewisen.

Éier d’Generalversammlung mat enger Agape ofgeschloss gouf kruten nach eng Rei Pompjeeën hir Zertifikaten, Diplomer an Helmer iwwerreecht.


De Comité (v.l.n.r.): Andy Wagner, Etienne Vrolijk, Dominique Bollinger, Christian Kröger, Tanja Weis, Joé Georg an Alex Pereira.