Nationale Commemoratiounsdag

Mat enger Mass huet gëschter Owend den Nationale Commemoratiounsdag zu Beefort ugefaangen, deen un d’Resistenz vum Lëtzebuerger Vollek an der schwéierer Zäit vun 1940 bis 1945 erënnere soll. Während dem Gottesdéngscht huet d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes ervirgehuewen, datt Beefort sech fir déi zweete Kéier an dësem Joer dëser schwéierer Zäit gedenkt. Am Juli gouf nämlech eng Gedenkplack ageweit, déi den aussergewéinlechen Zivilcourage vun der Famill Jodocy a ville Beeforter Bierger éiert. “Wer in der Demokratie schläft, wacht in der Diktatur auf” ass an dësen Deeg vill méi aktuell ewéi ee mengt wann een déi verschidden Tendenzen a ganz Europa ukuckt.

No der Mass huet de Schäfferot eng Gerbe beim “Monument aux Morts” néiergeluecht. Un dëser Gedenkfeier hunn ë.a. och d’Pompjeeën an d’Scouten deelgeholl a fir de musikalesche Kader hunn d’Chorale vu Beefort a Waldbëlleg-Haler gesuergt.