Informatiounsversammlung vum SITB

Gëschter am Nomëtteg war am Kummelsbau eng Informatiounsversammlung vum Syndicat d’initiative et du tourisme Beaufort (SITB) zesumme mat den Hoteliere a Restaurateure aus der Gemeng. Um Ordre du jour stoungen d’Virstellung vum neien Internetsite vum SITB (www.visitbeaufort.lu), den Dépliant “Gastronomie 2018”, d’Saison 2017/2018 vun der Äispist an zum Schluss Ideeën, Virschléi an d’Zesummenaarbecht tëschen dem SITB an de Betriber aus deem Secteur.