De Romain Thielen stellt zu Déifferdeng aus

“Erënnerung un eise Frang” heescht d’Ausstellung vum Romain Thielen, déi vun haut Donneschdeg a bis de 15. Oktober am Kulturzenter Aalt Stadhaus zu Déifferdeng leeft. D’Ausstellung ass all Dag op vun 10 bis 18 Auer an et gesäit een d’Entwécklung vun de lëtzebuerger Geldschäiner am Laf vun de leschte Joren, Joerzéngten an Joerhonnerten. A verschidde Krisenzäiten a bei Geldknappheet goufe Bongen an den Ëmlaf bruecht an och sou Exemplaren sinn ze gesinn.

De Vernissage vun der Ausstellung war gëschter Owend an nieft dem Déifferdenger Buergermeeschter Roberto Traversini an dem Schäffen Tom Ulveling war och d’Beeforter Gemeng mam Buergermeeschter Camille Hoffmann an de Schäffe Lily Scholtes an Emile Wies bei dëser klenger Feier vertrueden.