De klenge Kiermesmaart

Op Pappendag huet de Syndicat d’initiative et du tourisme zesumme mat de Veräiner de klenge Kiermesmaart mat Floumaart um Kiosk organiséiert. D’Sonn huet sech ee bëssi schwéier gedoen fir dem Niwwel Meeschter ze ginn mais am spéide Moie koum se eraus an huet dunn de ganzen Dag geschéngt.

Esou war et och am Nomëtteg wéini déi meescht Leit op de Kiermesmaart komm sinn an nieft de verschidde Stänn war mat ënner anerem Musek a Ponyreide fir Kanner fir Animatioun gesuergt an d’Elterevereenegung huet ee Kannerfloumaart organiséiert.