Nummer 56 vum “De Beeforter” ass eraus

Éier dat neit Konzept an déi nei Ausriichtung vum “De Beeforter” virgestallt ginn, ass fir d’éischt op dëser Plaz ee grousse Merci ze soen an zwar dem Lou a Camille Brandenburger. Zënter Jore ware si fir “De Beeforter” mat zoustänneg.

Mat der aktueller Nummer 56 vum “De Beeforter” ass ee weidert Puzzlestéck geluecht gi fir eng koordinéiert Informatiounspolitik bannen der Gemeng an no baussen hin. D’Relève gouf vum Jos. Nerancic iwwerholl. Hie wunnt zënter 2004 hei zu Beefort an huet eng Erfahrung vun iwwer 20 Joer am Journalismus, déi hien beim Lëtzebuerger Wort gesammelt huet. Zënter Enn Abrëll schafft hien op der Gemeng an huet ënner anerem dofir gesuergt, datt an der leschter Zäit eng Rei Artikelen an der Sauerzeidung an op mywort.lu verëffentlecht goufen.

Jos. Nerancic: De Reporter aus der Gemeng fir d’Gemeng

An de leschte Joren huet sech d’Kommunikatioun ënnert a mat de Leit verännert. Fréier huet ee sech um Reider informéiert an duerch den alldeeglechen Austausch beim Patt oder an enger Uucht sinn déi Informatiounen weidergaangen. Eng weider Etapp war de Gemengebuet “De Beeforter” a mam Internet si weider Informatiounsméiglechkeeten entstanen. Sozial Medien ewéi zum Beispill Facebook däerf een och nit vergiessen a si bei ville Leit, zemools bei der Juge

nd, zum feste Bestanddeel vum Alldag ginn. Sou hu verschidde Veräiner eng Homepage am Internet, anerer sinn nëmmen op Facebook vertrueden a wat awer feelt ass eng gemeinsam Plattform fir déi lokal Informatiounen ze fannen.

Eng openeen ofgestëmmte Koordinatioun erméiglecht nei Weeër anzeschloen a besser Neiegkeeten aus dem Duerf ze verbreeden. Den offizielle Site vun der Gemeng (www.beaufort.lu) kritt geschwënn een neit Gesiicht an zanter August ass d’Gemeng och op Facebook vertrueden: www.facebook.com/GemengBeefort . Sämtlech offiziell Informatiounen ginn hei matgedeelt.

D’lescht Joer ass op privater Initiativ den Internetsite www.beeforter.lu entstanen an dee Site ass och op Facebook (www.facebook.com/beeforter) vertrueden. Déi zwou Internetpräsenze sinn dobäi vun der Gemeng iwwerholl ze ginn a bidden eng Plattform fir déi lokal Noriichten, de Veräiner an och de Beeforter Leit oder fir jiddereen, deen un der Beeforter Aktualitéit an dem Veräinsliewen interesséiert ass. Des Weideren huet d’Gemeng een Twitter-Kanal, deen an enger zweeter Etapp wäert méi aktiv ginn, grad esou ewéi den Écran iwwert dem Populatiounsbüro am Gemengenhaus.

Ee feste Bestanddeel bleift awer weiderhin de Gemengebuet “De Beeforter”, deen an Zukunft eng véier Mol pro Joer erauskomme wäert a sech vun dëser Nummer un an enger anerer Form presentéieren. Als éischt kommen d’Gemengerotssëtzungen an duerno d’Aarbechten an der Gemeng. Et gi grouss Projeten a vill kleng anerer, déi een oft nit gesäit an awer musse gemeet ginn. Wa verschidde Schantercher méi laang dauere ewéi virgesinn, da gëtt dat och erkläert grad esou wéi d’Prozeduren a Reglementer. Gréisser Projeten, déi am Gemengerot décidéiert ginn, ginn an dëser Rubrik virgestallt. Et geet dorëms fir d’Gemengerotsberichter kuerz ze faassen an ze vermeiden, datt ee Punkt déi ganz Berichterstattung sprengt oder oflenkt. Uschléissend ass d’Plaz fir grouss Reportagen aus der Gemeng. Dat kënnen aktuell Themen ewéi d’Décisiounen oder Projeten aus der Gemengerotssëtzung, Hannergronnberichter an och ee Bléck an d’Geschicht sinn. Weider Rubrike sinn d’Geschäftsliewen a Sportaktivitéiten (Resultater) aus dem Duerf. Zum Schluss kënnt d’Chronik a wéi den Numm et seet a chronologescher Reiefolleg. Hei sinn dann di sämtlech Aktivitéien an der Gemeng virgesinn grad esou och d’Generalversammlungen vun de Veräiner. De Programm an d’Manifestatioune vun de Veräiner ginn hei dem Datum no integréiert an doduercher falen déi klassesch eenzel Berichter a Säite vun den eenzelne Veräiner ewech. Leider ass ee mat der Säitezuel limitéiert an doduercher si vill Fotoen ewechbliwwen ewéi zum Beispill d’Päischtwanderdeeg vun de Wanderfrënn.  Dës Kéier si se nëmme kuerz ugeschnidden mais fir d’nächst Joer ass awer ee Reportage virgesinn an et gëtt hannert de Kulissen gekuckt ewéi sou eng grouss Manifestatioun organiséiert gëtt.

Facebook ass eng flott Saach fir ze kommunizéieren an dobäi däerf een eppes nit vergiessen: Sachlech a fair bleiwen an zemools keng falsch Beschëllegungen oder pauschal Veruerteelungen. D’sozial Medien si kee rechtsfräie Raum. Wann iergendeen ee speziellt Uleies huet, dann däerf déi Persoun roueg op d’Gemeng kommen fir dann gemeinsam eng Léisung ze fannen oder si kritt déi néideg Erklärungen dozou. 

Des Weideren ass och een Agenda virgesinn, deen déi kommend Aktivitéiten ukënnegt, deen allerdéngs an dëser Nummer aus Plazgrënn nit publizéiert ass. Des Weidere war et üblech, datt d’Veräiner nach ee weidert Exemplaire geschéckt kréien. Dat gëtt nit méi gemeet. Op der Gemeng ginn et nach e Reserve vum “De Beeforter” an ee perséinleche Kontakt an Austausch bréngt méi ewéi sëllege Mailen. Dës Ausgab vum “De Beeforter” am neie Layout, dee vun der Grafikagence GR-Link entworf ginn ass, ass de Grondsteen fir déi nächst Ausgaben, déi mat der Zäit kënne ugepasst ginn. An deem Sënn wier et flott ee perséinleche Feedback ze kréien. Am Viraus villmools Merci gesoot.