Buergermeeschterdag op der Schueberfouer

Ee vun den traditionelle Rendezvouse op der Schueberfouer ass de Buergermeeschterdag. Dëst Joer war dee gëschter Dënschdeg an net manner ewéi 33 Buergermeeschteren aus dem ganze Land hu sech getraff. Vum neien Theater ass et eriwwer op d’Schueberfouer gaangen. No enger Stäerkung am Schwarzwaldchristel hunn d’Buergermeeschteren een Tour iwwer d’Fouer gemeet a sech op de verschidde Spiller gutt amuséiert. Ofgeschloss mat engem Tour um Riserad.

Domadder war den Dag awer net eriwwer. Si all hunn an de verschiddene Restaurante de Service gemeet an den Erléis gëtt fir ee gudden Zweck gespent. Eise Buergermeeschter de Camille Hoffmann huet säin Déngscht zesumme mam Christine Schweich (Gemeng Monnerech) an Ernest Walerius (Gemeng Bäertref) am Schwarzwaldchristel gemeet.

An der Fotosgalerie gesäit een eng Zesummefaassung vun deem flotten Dag.