Ofschloss vum NaturCoach-Léiergang

De leschte Samschdeg gouf an engem klenge Kader an der Jugendherberge de Léiergang NaturCoach ofgeschloss. De Zertifikatsléiergang huet 14 Seminardeeg mat 112 Unterrichtsstonne an eng Projektaarbecht ëmfaasst. Dat Ganzt gouf vun der Kräuterakademie School of Herbalists – Gundermann-Naturerlebnisschule certifiéiert.

Stellvertriedend fir d’Gemeng huet Lily Scholtes Zertifikaten iwwerreecht an zwar un d’Maria Bauer, Jeanne Bauler, Birgitt Fischer, Josiane Glodt-Schiltz, Tanja Heck-Lulling, Brigitte Herr, Andrea Ludovicy, Katrin Niedermeyer, Brigit Pfaus-Ravida, Anke Rosin, Yolande Theis an Ulla Thielen.

Den NaturCoach ass een certifiéierte Parner fir Spillschoulen, Crèchen, Schoulen, Ganzdagsschoulen, Vakanzeprogrammen, Ariichtunge fir Weider- an Erwuessenebildung, Seniorenheimer a Fleegehaiser, Tourismus a weider Beräicher.

Mëtt September (16./17.) an och am Fréijoer gi rëm NaturCoach-Léiergäng organiséiert a weider Informatioune ginn et ënnert dësem Link. Am Mäerz 2018 fänkt och de Léiergang Kräuterpädagoge un.