Ëmmer ee Besuch wäert

36 Stänn ware vertruede beim Summermaart beim Kiosk, dee vum Syndicat d’initiative et d tourisme zesumme mat de Veräiner aus der Gemeng organiséiert gouf. Am Géigesaz zu de Manifestatiounen e Freidegowend a Samschdegowend zu Beefort huet ët dës Kéier net gereent an am spéiden Nomëtteg war et dann esou richteg summerlech, passend zum Numm Summermaart. Vu 10 bis 18 Auer hu vill Leit e puer flott Stonnen an engem gemittleche Kader verbruecht a sech bei Musek, engem Patt an där enger oder anerer Verstäerkung amuséiert.