Gemeng Dippech op Besuch

Gëschter ware Vertrieder vun der Dippecher Gemeng zu Beefort op Besuch. D’Delegatioun huet sech zesummegesat aus der Buergermeeschtesch Manon Bei-Roller, dem Sekretär Claude Elsen an dem Techniker Serge Tanson. Vun der Beeforter Säit waren de Buergermeeschter Camille Hoffmann, d’Schäffen Lily Scholtes an Emile Wies an de Sekretär Georges Rischette vertrueden.

D’Gemeng Dippech huet virun net allzelaanger Zäit der Beeforter Gemeng zwee Container geschenkt, déi si net méi brauchen. Déi Container goufen an der Tëschenzäit ageriicht an hei fänkt de 15. September d’Schoul un. Et sinn dat d’Spillschoulsklasse vum Sandy Winandy an Anne-Marie Huberty-Mathey. Bekanntlech kënnt op der Plaz vun der aktueller Spillschoul eng nei Spillschoul mat Maison Relais.

Ugefaangen huet den Dag mat enger Visite vun de Beeforter Schlässer. Zum Ofschloss vun der Visite huet de Camille Hoffmann (beim traditionelle Beeforter Cassis) der Buergermeeschtesch d’Bicher vun der Beeforter Geschicht iwwerreecht.    

Uschléissend ass et weider bei d’Schoul gaangen a hei konnte se déi nei ageriichte Container kucken. Bei dëser Geleeënheet kruten d’Gäscht aus dem Süden net nëmmen d’Schoulorganisatioun erkläert mais och déi ganz Entwécklung aus de leschte Joren zu Beefort. Déi nächst Etapp vun der Visite war dann déi nei Sportshal mam Fitnessraum an dem Judossall.

Ofgeschloss gouf de Besuch mat engem Iessen am Hotel Meyer, wou de Gedankenaustausch weider gaangen ass. Op jidde Fall war d’Dippecher Delegatioun beandrockt vun de Beeforter Infrastrukturen an der domat verbonnener Liewensqualitéit an zum Schluss goufen déi Beeforter op ee Géigebesuch agelueden.