De Projet détaillé vun der Spillschoul an der Maison Relais gouf ugeholl

Präsenzen (7/8): Camille Hoffmann, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen. Absence: Lily Scholtes (Krankheet).

De Schäfferot huet matgedeelt: D’Soumissioun fir d’Kläranlag gouf de 24. Juni opgemeet an am November 2017 gëtt ugefaange mat Bauen, mam Waasserbaseng kënnt een och virun, an enger Réunioun mam Ministère de Développement durable et des Infrastructures gouf iwwer d’Zone 30 geschwat an am Dossier Ferme Schaaf mam Fonds du Logement ass Beweegung komm.

Sämtlech Punkte vum Ordre du jour goufen ugeholl.

1. Den Total vun den Einname beleeft sech op 3.361.403,38 Euro. De gréissten Deel, 3.232.484 Euro, staamt aus de “Recettes du fonds de dotation globale des communes”.  

2. Déi nei Spillschoul mat der Maison Relais huet eng Bruttogrondfläch vun ongeféier 832 Quadratmeter, inklusiv Aussen- a Bannemaueren an Haapt- an Nieweraim. Um Rez-de-chaussée sinn dräi Säll fir d’Spillschoul an ee Sall fir d’Maison Relais. Um éischte Stack sinn dräi Säll fir d’Spillschoul an zwee Säll fir d’Maison Relais. Pro Spillschoulsall sinn 18 Kanner a bei der Maison Relais si 15 Kanner virgesinn. Dat mécht een Total vun 108 Kanner an der Spillschoul a 45 Kanner an der Maison Relais. D’Gebai huet am Ganze Plaz fir 153 Kanner a gëtt gebaut a Massivholzbauweise mat Konstruktionsvollholzdecken. Nodeems den Avant-Projet de 15. November 2016 gestëmmt gouf, ass den aktuelle Projet détaillé eestëmmeg ugeholl ginn. Den aktuellen Devis beleeft sech op 5.670.025,16 Euro.

3. D’Gewerbesteier bleift bei 270 Prozent.

4. Souwuel den Taux d’impôt A an den Taux d’impôt B leie weiderhin bei 360 Prozent.

5. De PPF gouf un d’Membere vum Gemengerot verdeelt.

6. Folgend Subsiden si gestëmmt ginn: Elterevereenegung Beefort 2.640 Euro (fir d’Schoulfest), Sécurité Routière 150 Euro, Île aux Clowns 25 Euro an Omega 90 25 Euro.

7. Ënner Verschiddenes goufe folgend Theme beschwat: d’Schoulfest, eng Visite vun der Bëschcrèche, de Rassemblement des Beaufort den 9. an 10. Juni 2018, e Kontrakt mam Forum pour l’emploi fir d’Spillplazen, no der Schléissung vun der Spuerkeess-Agence hei zu Beefort soll ee “Money Truck” eemol pro Woch op Beefort kommen an d’Sécherheet vun jonke Vëlosfuerer, déi sech net un de Code de la Route halen.     

D’Sitzung gouf um 20.07 Auer opgehuewen an déi nächst Gemengerotssitzung ass festgeluecht ginn op e Freideg, de 15. September, ëm 19 Auer.