Wéi funktionéiert eng Gemeng?

D’véiert Schouljoer vum Betty Helminger war gëschter am Nomëtteg d’Gemeng besichen. Direkt am Agank goufe se vum Sekretär Georges Rischette begréisst an op een Thema ugeschwat: d’Krunnewaasser.  D’Gemeng Beefort huet hir eege Quellen an ass soumadder vun der Sebes mat hirem Waasser aus dem Stauséi onofhängeg.

No engem klengen Ofstiecher mat Erklärungen am Populatiounsbüro beim Sandra Michels hu sech d’Schüler am Sëtzungssall installéiert an hei konnte sech d’Kanner direkt vun der ausgezeechenter Qualitéit vum Beeforter Krunnewaasser iwwerzeegen. Gläichzäiteg huet de Georges Rischette den opmierksame Kanner eng Rei Informatiounen iwwert d’Gemeng, hir Geschicht a wéi se funktionéiert ginn an och d’Personal mat hiren jeeweilegen Aufgabe gouf virgestallt. Interessant ass ze wëssen, datt an der Gemeng Beefort 2.724 Leit wunnen, déi op 56 Nationalitéite verdeelt sinn.

Wéi al ass Beefort? Wat bedeit de Wopen? Wat muss ee maache fir op der Gemeng ze schaffen? Dat waren nëmmen dräi vu ville Froen, déi d’Kanner gestallt hunn an heiansdo war et nit ëmmer einfach fir direkt op d’Fro ze äntweren.

Fir d’Thema Krunnewaasser ofzeschléissen gouf nach eng Visite vum Waasserbaseng gemeet. Den Andy Wagner huet de Kanner erkläert ewéi d’Waasser vun der Quell an dëse Baseng kënnt. Siwe Kilometer huet d’Waasserleitung an duerno gëtt d’Waasser an déi verschidde Stéit vu Beefort weidergeleet.