Eng Symbolik, déi hiresgläiche sicht

1940 hunn an dëser Strooss d’Wittfra Clara Juda gebuere Stern an hire Jong Karel gewunnt. 1936 war déi jiddesch Famill virum Antisemitismus an Nazidäitschland op Lëtzebuerg geflücht. No der däitscher Invasioun, den 10. Mee 1940, sinn och hei zu Lëtzebuerg d’Nürnberger Rassegesetzer lues a lues a Kraaft getrueden. Duerch déi Ëmstänn gouf de Karel Juda an een Aarbechtslager bei Wittlech verschleeft an internéiert. 1941 konnt hien do ausbriechen an iwwer Düsseldorf a Beefort sech bis an d’Schwäiz duerchschloen, wou hien awer erëm ausgewise gouf. Heemlech koum hien 1942 op Beefort zréck. Hien huet seng Mamm awer net méi erëmgesinn. Nodeems si eng Zäit laang vun den Awunner vu Beefort geschützt a versuergt gi war, ass si den 28. Juli 1942 op Theresienstadt déportéiert ginn, a vun do op Auschwitz, wou si vergaast gouf. Trotz dem grousse Risiko gouf de Karel Juda spontan vu sengen Noperen, der couragéierter Bauerefamill Paul a Claire Jodocy-Godefroid opgeholl a bis zum Krichsenn an hirer Scheier verstoppt a versuergt. 1944 hu se och nach de Refractaire Theo Weber an dëser Stopp opgeholl.

Den aussergewéinlechen Zivilcourage vun der Famill Jodocy a ville Beeforter Bierger an dëse schwéieren Zäiten soll eis och haut nach ee Beispill sinn.

Zum Gedenken un déi 6 Milliounen Affer vum Holocaust.

Beefort, den 9. Juli 2017

 

Dësen Text steet op der Gedenktafel, déi gëschter Sonndeg an der Grondhafferstrooss feierlech ageweit gouf. Leider huet de Reen de Programm ee bëssi duercherneegeheit mais trotzdeem huet dës Feier eng Symbolik, déi hiresgläiche sicht.

A senger Begréissung ass de Buergermeeschter Camille Hoffmann op d’Geschicht vun de Famillje Juda a Jodocy agaangen. De Karel Juda huet mat senger Mamm Clara missten seng däitsch Heemecht verloossen an obwuel se ee Kazesprong vun hirer Heemecht hei zu Lëtzebuerg ewech woren, wore se Flüchtlingen, een Thema dat haut erëm zur Aktualitéit ginn ass. An der Gemeng Beefort wunnen 2724 Leit an dovunner sinn 78 Flüchtlingen, vun deenen 19 Kanner an d’Schoul ginn. Haut zielt Lëtzebuerg zu den Awanderungslänner a fréier, virun der Stolindustrie, hu vill Lëtzebuerger d’Land fir eng besser Zukunft verlooss. D’Nokomme vun den éischten Awanderer sinn integréiert an haut fënnt ee se an alle Positiounen an der Gesellschaft. Am Krich hunn d’Beeforter Leit selwer Flüchtlingen opgeholl an zwar aus dem Minett. Eng gutt véier Joer méi spéit, während der Ardennenoffensiv, si vill Beeforter an de Minett geflücht. Och hu vill Beeforter dat krichszerstéiert Beefort verlooss well d’Stolindustrie hinnen eng besser Zukunft versprach huet.

Vun der Famill Jodocy-Godefroid kann ee léieren, datt egal wéi räich oder aarm een ass oder ewéi ee soziale Status huet, ee grousst Häerz kann hunn an trotz Liewensgefor an Ënnerdréckung Zivilcourage beweise kann. Zu Beefort si se kaum opgefall an dach hu se de Karel Juda iwwer zwee Joer laang verstoppt a spéider den Refractaire Theo Weber.

Während d’Gedenkplack enthült gouf, huet Katia Clemente Pimenta den Text virgelies, deen op der Tafel steet. Dat jonkt Meedche lieft an dem Haus an dem deemools de Paul a Claire Jodocy-Godefroid gewunnt an de Karel Juda an den Theo Weber verstoppt goufen.

De Reen an de Wand hunn d’Feierlechkeeten ënnerbrach a si sinn am Kummelsbau virugaangen an zwar mat der Ried vum Jim Goerres, Member vun der „Présidence collégiale“ vun der MemoShoah. Hien huet op d’Parallellen tëschen der Virkrichszäit an der haitegen Tendenzen opmierksam gemeet. Sou wéi deemools versiche verschidde Beweegungen duerch Falsch Noriichten oder Hallefwoueregkeete Leit géint déi aner Leit opzehetzen, lues a lues ze radikaliséieren an esou Haass ze schafen. MemoShoah weist op dës Tendenzen hin an hält d’Erënnerungen un d’Schicksal vun de Judden zu Lëtzebuerg an der Zäit vun 1940 bis 1945 wakereg.

Obwuel d’Pastoralassistentin Josiane Mirkes iwwer 20 Joer nom Zweete Weltkrich op d’Welt koum, fillt se sech dach iergendwéi an den Zweete Weltkrich eragebuer. Hire Papp gouf mat 16 Joer bei der Ardennenoffensiv verwonnt a seng Tatta ass niewent him gestuerwen. No etlechen Operatiounen a méintelaangen Openthalt an der Klinik zu Esch huet hien schliesslech ee steift Been behalen. Iwwer sechs Wochen hat weder hien nach seng Famill Informatiounen iwwert den een an aneren op ee géif liewen oder nit. Dëst Erliefnesser sollten méi spéit d’Erzéiung vun de Kanner prägen. Ernimmt huet si och nach hir Erfarung mat enger Schoulklass op Auschwitz an déi emouvant Konferenz mam Henri Juda de leschte Mëttwoch.

Weider goung et mat zwee Gebieter: “El mala rachamim” virgedroe vum Michel Heymann an dem “Kaddish” vum Groussrabbiner Alain Nacache.

D’Schlusswuert hat de Jean-Claude Müller, Chef de Service de la Mémoire au Ministère d’Etat, een Iwwerbléck ginn wat de Service de la Mémoire schafft. Dëse Service besteet aus dräi Deeler: déi jiddesch Communautéit déi am Krich ëmkomm sinn, d’Resistenz an déi Zwangsrekrutéiert. Bei sämtleche Riedner konnt ee gewëssene Fuedem erkennen: Si all hunn den aussergewéinlechen Zivilcourage ënnert den aussergewéinlechen Ëmstänn vun der einfacher Famill Jodocy-Godefroid gewürdegt an ouni d’Beeforter Leit ze vergiessen, déi “dicht” gehaalen hunn.

Ofgeschloss gouf d’Gedenkfeier mat der “Heemecht”, déi vun der Chorale Sainte Cécile Beefort a Chorale „Sang mat“ Waldbëlleg-Haler gesonge gouf. Den uschléissenden Éierewäin gouf musikalesch vum André Mergenthaler begleet.

Ewéi schonns am Artikel vum Vernissage vun der Ausstellung mat Konferenz erwäänt ass och dëse Bericht eng Kuerzfaassung vun de Festivitéiten. Am Hierscht kënnt eng Spezialnummer vum “De Beeforter” eraus, wou och nach weider Theme virgesi sinn. An deem Zesummenhang gëtt een Opruff gemeet, wann iergendeen nach weider Informatiounen a Fotoen zu der Famill Jodocy-Godefroid huet. Melle kann ee sech beim Jos. Nerancic op der Gemeng zu Beefort.

Op der Gedenktafel ass och ee QR-Code, deen awer méi spéit aktiv gëtt. Mat dem Code wäert een dann op den neien Internetsite vun der Beeforter Gemeng kommen an do wäerte da weider Informatiounen aus där Zäit vun der Geschicht stoen.