Vernissage mat Konferenz

Gëschter Owend wor den offizielle Vernissage vun der Ausstellung „Between Shade and Darkness” am Kummelsbau. Si erënnert un d’Schicksal vun de Judden zu Lëtzebuerg an den Joren 1940 bis 1945.

D’Ausstellung selwer an den dozou ausgeschaffte Katalog mat Texter vu Laurent Moyse ginn Opschloss iwwert de Sachverhalt, also Fakten an Daten zu dem wat de Judden zu Lëtzebuerg an de Krichsjoere widderfuer ass. Sou ginn ënner anerem d’Entwécklung vun der jiddescher Immigratioun, déi éischt antisemitesch Virfäll, déi fortschreitend Ausgrenzung, Flucht, Verdreiwung, Deportatioun, Aarbechtslager a letztendlech d’Vernichtungspolitik dokumentéiert. De Visiteur gëtt och méi iwwert d’Rolle vum Rabbiner Robert Serebrenik an Alfred Oppenheimer, Leeder vum Ältesterot vun de Judden, gewuer.

Et kann een eng Rëtsch Parallelen zu der heiteger Zäit erkennen. Déi verschidde Forme vun Diskriminéierung ewéi Rassismus, Homophobie, Sexismus, Friemefeindlechkeet, islamfeindlech an antisemitesch Aussoen gehéiere leider ëmmer méi dacks zum Alldag. Rietsextrem a populistesch Vereenegungen a Parteie versiche mat geziilte Falschinformatiounen Onrou ënnert d’Leit ze bréngen an esou Stëmme fir hir menschefeindlech Ideologie ze gewannen. Dat Ganzt baséiert op d’Thees, datt eng bestëmmt Hautfaarf, Relioun oder Nationalitéit besser ass ewéi de Rescht.

A senger Ried ass de Buergermeeschter Camille Hoffmann op dat donkelt Kapitel vun der Lëtzebuerger Geschicht an dat domadde verbonnene Leed agaangen. An dach gouf et Liichtblécker ewéi et zum Beispill den aussergewéinleche Zivilcourage vun der Bauerefamill Paul a Claire Jodocy-Godefroid beweist. Si huet während bal dräi Joer hir jiddeschen Noper Karel Juda bei sech verstoppt a spéider hu si och nach de Refractaire Theo Weber an hir Stopp opgeholl.

Uschléissend huet den Henri Juda, dem Karel Juda säi Jong, eng Konferenz iwwert seng Familljegeschicht gehalen. Dem Henri Juda (Joergank 1947) seng zwou Bomien an ee Brudder sinn am Holocaust ermort ginn a seng Mamm huet Auschwitz iwwerlieft. Zum Deel sachlech a fondéiert, zum Deel och mat Emotiounen verbonnen a mat perséinleche Bemierkungen an Anekdoten kruten d’Leit een ausféierlechen Abléck an dës Familljegeschicht, déi trotz der ganzer Tragik och positiv Aspekter opzeweisen huet.

Zum Schluss gëtt nach drun erënnert, datt e Sonndeg, den 9. Juli, um 17.00 Auer zu Beefort an der Grondhafferstrooss eng Gedenkplack ageweit gëtt.

De 4. Juli wor am Tageblatt ee groussen Dossier zum Thema Deportatioun mam Hiweis op d’Gedenkfeier zu Beefort an hei ass de Link dozou. Een ausféierleche Bericht iwwert d’Ausstellung, d’Konferenz, der Aweiung vun der Gedenkplack a weider Ereegnesser an de Krichsjoere ginn an enger Spezialausgab vum „De Beeforter” am Hierscht publizéiert.