Agility-Turnéier bei der Äispist

Vill lass wor de leschte Weekend op an niewent der Äispist. Um Terrain bei der Äispist huet den Agility-Club “4 Running Paws” e Samschdeg an e Sonndeg een Agility-Turnéier organiséiert, dat zweet Summerturnéier.

A verschidde Kategorien agedeelt hunn d’Hënn een Hinderniss-Parcours missten sou séier wéi méiglech a feelerfräi iwwerwannen. Slalom, Sprangen an Tunnel sinn nëmmen e puer Schwieregkeeten, déi um Programm de ganze Weekend stoungen. Mat ganz vill Asaz hunn d’Meeschteschen an d’Meeschteren hire flénke Véierbeener Kommandoen ginn, datt se de richtege Wee um Parcours lafen an och dat entspriechend Hinderniss och iwwerwannen.

D’Präisiwwerreechung ass all Kéiers zum Ofschloss vum Dag iwwert d’Bühn gaangen. Weider Informatiounen iwwert den Agility-Club “4 Running Paws” ginn et op hirer Homepage.