Nationalfeierdag 2017

Um Virowend vum Nationalfeierdag hunn d’Festivitéite mat engem Te Deum an der Porkierch ugefaangen. Nom Gottesdéngscht, dee musikalesch vun der Beeforter Chorale Ste Cécile gestalt gouf, huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann virun der Gemeng eng Ried gehal.

D’Theme woren ë.a. déi aktuell allgemeng a politesch Situatioun an Europa an zu Lëtzebuerg an ët gëllt sech verschiddenen Erausfuerderungen ze stellen ewéi zum Beispill d’Flüchtlingskris. Vun den 2709 Awunner zu Beefort sinn 78 Flüchtlingen an dovu ginn 19 Kanner an d’Schoul. Et ass déi leschte Kéier, datt sech de Gemengerot an dëser Zesummesetzung bei de Feierlechkeeten zum Nationalfeierdag presentéiert huet. Bekanntlech sinn den 8. Oktober dës Joer Gemengewalen an an deem Zesummenhang huet de Camille Hoffmann ee Réckbléck op déi grouss Projete an och een Ausbléck op déi zukünfteg Investissementer gemeet.

Zum Schluss koumen nach puer Auszeechnungen bei de Pompjeeën. Geéiert goufen Liv Bintener, Marie Bintener an Hugo Martins (Bronze am Wëssenstest), Laura Sauber (Sëlwer am Wëssenstest), Guy Toll an Etienne Vrolijk (Sëlwermedaile fir 20 Joer am Déngscht vun de Pompjeeën) an den Alex Pereira („Croix de Mérite en Argent en récompense de ses bons services et du dévouement dont il fait preuve“ an „Médaille de mérite en rosette, Member vun der Mutuelle des sapeurs pompiers” zënter 30 Joer).

Am Cortège ass ët weider an de Kummelsbau gaangen, wou eng Receptioun mat Éierewäin wor, déi vun der Gemeng an Zesummenaarbecht mat der Kulturkommissioun offréiert gouf. De Fuesclub vu Beefort huet duerno ee Bal organiséiert an de Groupe sportif, récréatif et culturel Fiolhoso-Beaufort huet Grillspezialitéiten verkaf.