Eng vun den erfollegräichste Saisonen an der Geschicht

De leschte Freideg huet de Beeforter Äishockeyclub am Kummelsbau am Kader vun enger Generalversammlung de Bilan vun der Saison gezunn. Et wor eng vun de beschte Saisonen an der Geschicht vum IHCB esou de President Carlo Welter.

Op déi supergutt Resultater ass de Benny Welter agaangen. Während der Saison huet een nëmme fënnef Mätscher verluer an esou huet een déi zweet Plaz an der Division 1 vun der belscher Liga beluecht. Jorelaang hat een an der däitscher Rheinland-Pfalz-Liga géint déi nämlecht Géigner am Prinzip op mannst véier Mol géintenee gespillt an et goufen och dacks Mätscher verluecht oder ofgesot. Nei Géigner (zéng am Ganzen) mat all Kéiers Heem- an Auswäertsmätscher hunn een neie Rhythmus an de Spillbetrieb erabruecht. Et wor eng nei Herausfuederung a grad esou och déi 300 Kilometer fir op een Auswäertsmätsch ze fueren.

Nieft der éischter Ekipp ass een amgaangen eng zweet Seniorsekipp opzebauen an hir Aktivitéit woren Frëndschaftsmätscher an d’Participatioun op verschidden Turnéier. D’Zuel vun de Jugendspiller ass vu 35 op 50 eropgaangen a si sinn opgedeelt an zwou Alterskategorien: manner ewéi zéng Joer a vun zéng bis 16 Joer. Mat ëmmer méi Spillpraxis sinn hir Resultater op den Turnéier oder Frëndschaftsmätscher ëmmer besser ginn.

Den absoluten Highlight wor d’Weltmeeschterschaft a Bulgarien wou d’Lëtzebuerger Nationalekipp an der drëtter Divisioun fir d’éischte Kéier Weltmeeschter ginn ass. Mat zwielef vun insgesamt 20 Spiller huet den IHCB de gréissten Deel vun der Weltmeeschterekipp zesummegestallt.

Ausbléck fir d’Saison 2017/2018

Den Training vun der Jugend fänkt elo am Juli un an trainéiert gëtt dënschdes an donneschdes Owes. Benotzt gëtt een Drëttel vun der Äispist a wann demnächst den Terrain Multisports nieft der Äispist fäerdeg gëtt entstinn hei nei Trainingsméiglechkeeten. D’Senioren (ab ca 16 Joer) fänken am Ufank August mam Training un. Déi zweet Ekipp wäert weiderhin Frëndschaftsmätscher an op Turnéier spillen a grad esou och d’Juniors- an d’Kannerekipp. Zudeem ass geplangt fir méi Jugendlecher an déi éischt Ekipp ze integréieren. Wann d’Äis bis fäerdeg ass kann ee méindes méi laang trainéieren: Vun 18 Auer un steet d’Äispist dem Veräin zur Verfügung (bis elo wor et  ab 19 Auer).

De Vizepräsident Jean-Marie Funk ass op déi weider Aktivitéite vum Club agaangen an hien huet een Opruff gemeet, fir sech u ganz ville Manifestatiounen ze bedeelegen. Sou huet een op zwee Concerte gehollef, fir de Syndicat d’initiative gegrillt, sech um Summerfest bedeelegt an een Owend am Flying organiséiert. D’Owender am Flying sollen ee bis zweemol widderholl ginn an een Datum soll ee sech elo schonns virmierken an zwar de 17. Mee 2018: Da kommen d’Déckkäpp op Beefort.

Éier den Eric Wambach den detailléierte Keesebericht virgestallt huet, huet de Sekretär Michel Welter eng Rei Erklärunge ginn. Sou wäert zum Beispill d’Cotisatioun fir d’Kanner bei 80 Euro mat gratis Entrée fir op d’Äispist bleiwen an och 120 Euro fir d’Senioren, ouni gratis Entrée fir op d’Äispist. Wéinst de gestiegenen Ausgaben am belsche Championat konnt een duerch dës Moossnam eng Erhéichung  vun der Cotisatioun vermeiden. Op jidde Fall krut den IHCB vun der belscher Äishockeyfederatioun ee ganz flotte Feedback no der éischter Saison. Mam Syndicat d’initiative hat ee mat engem Kannergebuertsdag eng gemeinsam Aktivitéit an zum Schluss gouf een Opruff fir all méiglech Iddi vu Sponsoring gemeet.

Wéi schonns gesot ass d’Bedeelegung am belsche Championat mat weidere Käschte verbonnen. Sou zum Beispill huet alleng de Bus fir op d’Auswärtsmätscher iwwer 6.300 Euro kascht an och fir een Heemmätsch muss een der belscher Federatioun 75 Euro bezuelen. De Bilan weist ënnert dem Strich ee liichten Defizit op an op Virschlag vun de Keeserevisore Corny Funk a Fränk Weiwers gouf Entlaaschtung ginn.

Fir d’Saison 2017/2018 gesäit den IHCB vir eng Jugendkommissioun op d’Been ze stellen, eng Responsabele fir d’Communicatioun an d’Presse ze designéieren an och ee Supporterclub an d’Liewen ze ruffen. Zum Schluss krute verschidde Leit ee klenge Cadeau als Merci fir hir während der Saison geleeschten Aarbecht.

Zum Schluss vun der Generalversammlung huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann den IHCB fir seng Leeschtunge felicitéiert an eng Receptioun fir déi Beeforter Weltmeeschter ass am September virgesinn. Wat d’Vestiaire ubelaangt sou wäert geschwënn eng Décisioun getraff ginn.

De Comité setzt sech zesummen aus: Carlo Welter (President), Jean-Marie Funk (Vizepresident), Eric Wambach (Keessier), Michel Welter (Sekretär), Benny Welter a Marc Spautz (Memberen).