Pilgerbild vun der Muttergottes vu Fatima op Besuch

Mat enger Dräivéierelsstonn Verspéidung ass haut am spéide Moien ee Pilgerbild vun der Muttergottes vu Fatima zu Beefort ukomm an dat well eng Communautéit sech nit un den offiziellen Programm gehalen huet. Dëst Joer sinn et 100 Joer hir, datt d’Muttergottes zu Fatima bei dräi Hiirtekanner erschéngen ass.

D’Statue koum den 22. Mee mam Fliger op Lëtzebuerg. Si ass déi 13. an och déi jéngste Replik vun der Originalstatue. Ageweit gouf se 4. Mäerz 2015 an déi aner zwielef Replike sinn uechter d’Welt ënnerwee.

Den éischten Héichpunkt vun dëser Statue wor op Christi Himmelfaart bei der 50. Fatima-Prëssessioun zu Wooltz. D’Iddi vun engem Fatima-Hellegtum koum 1942 op. Während der Ardennenoffensiv, den 13. Januar 1945, hunn zeng Erwuessener ee Gelübde ënnerschriwwen an déi Woch drop, den 20. Januar 1945, hu se dat Gelübde an der zerstéiert Kiirch erneiert (“ …wir nehmen alle teil an der Verwirklichung  unseres  Kriegsgelübdes, dem öffentlichen Kreuzweg mit der Kapelle, welche dem Herzen Jesu und der Muttergottes geweiht wird.“). Den 11. September 1946 koum déi original Statue op Wooltz (op Bässent) an op der zukünfteger Plaz gouf dann och déi éischt Mass zelebréiert. Den 8. Februar 1951 gouf een Aktiounscomité gegrënnt an 1958 de Kräizwee ageweit. 1968 koume fir d’éischte Kéier portugisesch Matbierger zur Feier bäi.

Zréck op Beefort. No der Prëssessioun zu Wooltz mécht d’Statue eng Tour duerch Lëtzebuerg an haut stounge Beefort, Giischterklaus an Eechternoach um Programm. Si bleift nach bis de 25. Juni hei am Land. De Moie gouf eng Mass vum Dechen Francis Erasmy an de Paschtéier Carlo Morbach, Luc Schreiner an dem Kaploun Ricardo Monteiro an der Kierch zu Beefort konzelebréiert a fir de musikalesche Kader huet d’Chorale vu Beefort gesuergt.

Mat portugiseschen a lëtzebuerger Spezialitéiten a mat engem vun der Gemeng offréierten Éierewäin gouf dës kierchlech Feier am Kummelsbau ofgeschloss.