Regional Sozialamt ass geplënnert

Zanter dëser Woch ass d’regional Sozialamt vun de Gemenge Beefort Bech, Bäerdref, Konsdref a Reisduerf op enger neier Adresse an zwar op Nummer 6, rue de l’Auberge zu L-6315 Beefort. Dat ass d’Gebai vun der aler Jugendherberge. Et gëllt och eng nei Telefonsnummer fir ee Rendez-vous ze fixéieren: 26 87 60 54 – 1. Am Noutfall an ausserhalb vun de Büroszäite soll een d’Helpline vum Roude Kräiz 2755 uruffen.

Weider Informatiounen ginn ët um Site vum regionale Sozialamt www.officesocial-beaufort.lu