Een neien Holzsteg

Hannert dem Schlass a Richtung Kléngelbour gouf een Holzsteg ugeluecht, deen zanter knapp zwou Woche fäerdeg ass. Den Holzsteg vun enger Längt vun 100 Meter huet och eng Aussiichtsplattform, vu wou een d’Récksäit vun der Buerg gesäit. Dat verschaffte Holz ass aus der Regioun (Holz vun hei) an op enger Plaz goufen e puer Baguette ausgelooss fir datt Schof nit fortlafe kënnen.