Eng Bronzemedail fir de Mato Ivelj

An der Kategorie „Herren Veteranen B“ an den Eenzelmeeschterschaften am Keelespillen huet de Mato Ivelj virun dräi Wochen d‘Bronzemedail gewonne a gëschter Owend huet hie mat senge Kollegen aus dem Keeleklub „KC Befort“ an der „Hostellerie de Beaufort“ (wou da soss 😊) dës Medail gefeiert.

D’Finall gouf am Café Mersch zu Béiwen/Atert gespillt an am Ganzen hu sech 15 Spiller fir dës Finall qualifizéiert. Et wor déi éischte Kéier, datt de Mato un dëser Eenzelmeeschterschaft deelgeholl huet. Mat engem Total vun 98 Punkte ass den Nico Ries vum „KC Big Ben 63 Beetebuerg“ Champion an dëser Kategorie ginn. 95 Punkten huet de Mato gespillt an deen Total huet och de Roger Engel vum „Vischte Kranz Péiteng“ erspillt. D’Reglement gesäit an dësem Fall vir, datt den eelste Spiller Virrang kritt an esou koum ët, datt de Mato dem Roger Engel de Virtrëtt huet misse ginn.

Bei der Feier am klenge Krees huet de Buergermeeschter Camille Hoffmann dem sportleche Mato fir seng Leeschtung gratuléiert a Jean Schilling, President vum „KC Befort“, huet virum Iessen dat exzellent Resultat vum Mato gelueft.