Eischten Owend vun de MagiCastle Nights

Bekanntlech sinn dëse Freideg a Samsdeg MagiCastle Nights um Beeforter Schlass a si kënnegen déi nei Saison un, déi zanter dem leschte Samsdeg offiziell ugaangen ass. Hei sinn e puer Fotoe vum éischten Owend an déi komplett Galerie ass ze fannen um Internetsite vu jopix.eu

Haut den Owend gëtt um 21 Auer nach eng Kéier den nämlechte Programm präsentéiert. Den Entrée ass gratis a wéinst der Keelt owes soll ee sech waarm undinn.