Bekannt Beeforter an ongewinnte Rollen

No der Première e Freideg, de 17. Mäerz, wor gëschter Owend no véier Opféierungen de leschten Akt vum dësjähregen Theater vun den Theaterfrënn Beefort. „Männer am Hierscht“ huet d’Koméidistéck geheescht, dat vum Bernd Kietzke geschriwwen a vum Romain Pierrot op Lëtzebuergesch iwwersat gouf.

An dem Stéck an dräi Akten geet et ëm zwee ënnerschiddlech Männer am beschten Alter, déi vun hire Frae verlooss goufen an an enger Wunngemeinschaft bei enger typescher Famill, wou d’Fra d’Box unhuet, liewen. Dobäi ass et méi wéi eng Kéier zu méi komplizéierten a lëschtege Situatioune komm ewéi sech déi verschidden Acteuren (verloosse Männer, zukunftëg Ex-Fraen, Scheedungsaffekotin, der Gaaschtfamill an dem jonke Bréifdréier) an de veschidde Konstellatioune getraff hunn.

Ënnert der Regie vum Eric Feront hu gespillt: Patrick Goetzinger, Dario Ballanti, Claudine Gremling, Jean-Luc Nosbusch, Jennifer Kiessling, Patricia Scholtes, Nancy Dupont, Gaby Bouhlel a Ben Wagener. An der Flüsterkëscht souz d’Margot Flammang, fir d’Bühn an den Décor wor d’Sonja Goetzinger zoustänneg an de Salon Vicky huet d’Akteure geschminkt.

D’Fotosgalerie staamt vun der leschter Opféierung a weider Fotoen vun der Generalprouf ginn et um Site jopix.eu.