Alles fir de Camping an nach vill méi

Op Nummer 79 un der Grand-Rue zu Beefort, wou d’Gaby an de Guy Hanff iwwer 50 Joer hiert Geschäft an den 10. Dezember 2016 ee Schlusspunkt gesat haten, leeft mam „Campingworld“ zanter Januar eng nei Aktivitéit op där Adress. Wéi den Numm et schonns verréit dréit sech hei alles ëm de Camping mais dat ass nit alles. Et ginn nach eng Rei weider Artikelen ugebueden.

Eng Ausstellungsfläch vun iwwer 300 Quadratmeter erlaabt dem Gérant Yves Schlim ganz aner Méiglechkeeten ewéi op der viriechter Plaz am Ausgank vun Dikrich Richtung Steeën. De Schwéierpunkt vun der Offer läit op Campingsartikelen an -accessoiren. Eppes däerf een direkt nit vergiessen: Wann een een Artikel am Geschäft nit fënnt heescht dat nit onbedingt, datt et den Artikel nit gëtt. Einfach kuerz nofroen a meeschtens ass de gewënschten Artikel hannen am Lager. Mam Chris Scheier steet dem Yves Schlim eng wäertvoll Hëllef zur Säit an it nëmme fir d’Beeforter ass de Chris Scheier keen Onbekannten.

Als laangjärege passionéierte Camper weess den Yves Schlim ganz genau wat vun Artikele gebraucht ginn an dat ass ënner aneren ee vun de Grënn firwat „Campingworld“ zu de Spezialist op deem Gebitt zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun zielt. Zelter, Dëscher, Still, Kichen, Frigoe mat Gaz, Griller, chemesch Toiletten, Duschen, Réckspigel, Batterien, Fernseher sinn nëmmen eng kuerz Opzielung, wat ee bei „Campingworld“ fënnt. Och Solaranlage mat Montage ginn ugebueden. Tëschen 300 an 2000 Euro kascht sou eng Anlag, déi et erlaabt, datt d’Batterie ëmmer erëm opgelueden a geschount gëtt. Fir de Gérant huet de Kit vun der Marque „Buettner“ dat bescht Präisleeschtungsverhältnis. An dem Kontext dierft een och automatesch Parabolantennen nit vergiessen.

Eng weider Spezialitéit vum Yves Schlim ass d’Installatioun vu Gasfläschen aus Aluminium an d’Gefierer ewéi Campingcar oder Karawannen an dat am eegenen Atelier. Fir eng regelkonform Anlag mat zwou Gasfläschen muss een ee Budget vun 1.000 Euro virgesinn. Eng Iwwerpréiwung mat engem „Certificat de conformité“, deen zwee Joer laang gülteg ass an iwwerall unerkannt gëtt, kascht 40 Euro. Eng Ausbildung an Däitschland wor néideg fir dat offiziell kënnen ze maachen. Des Weidere kann ee wéi deemools beim „Hanff“ Gasfläsche kafen a geliwwert kréien an zwar vun der Marque „Antargaz“.

Zanter dem leschten Joer kann ee Remorquen lounen a kafen (mat Umeldung an technesch Kontroll). D’Präisser fir d’Locatioun pro Dag si wéi follegt gestaffelt: 25 Euro (Remorque fir Motorrad), 30 Euro (Remorque mat enger Bâche), 40 Euro (Remorque caisse fermée) a 50 Euro (Plateau fir Autoen). D’Remorque si vun der Marque „BW“ an et kann ee se och individuell gestallte loossen.

Nei am Geschäft sinn Artikelen aus de Beräicher Quincaillerie an Dekoratioun. Des Weidere gëtt eng Auswiel vu Geschir, Maschinnen, Ueleg, AddBlue, Händschen, Sécherheetsschung, Pinselen, Rouleauen, Pinselen, Täschemessere fir Scouten, Gamellen a villes méi.

Eng gutt Geleeënheet fir „Campingworld“ kennenzeléiere besteet Enn dëser Woch. Vun e Freideg, dem 24. Mäerz, a bis e Sonndeg, de 26. Mäerz, ass eng Porte ouverte op Nummer 79 un der Grand-Rue. D’Auerzäite sinn e Freideg vun 9 bis 12 Auer a vu 14 bis 18 Auer, Samsdeg vun 9 bis 18 Auer an e Sonndeg vun 10 bis 18 Auer.

Weider Informatioune ginn et um Internetsite www.campingworld.lu an d’Ëffnungszäite si méindes vu 14 bis 18 Auer, dënsdes bis fréides vun 9 bis 12 Auer a vu 14 bis 18 Auer. Samsdeg ass ausserhalb vun der Saison vun 9 bis 12 Auer op an an der Saison vun 9 bis 12 a vu 14 bis 16 Auer.