D’Saison 2017 op de Beeforter Schlässer ass op

Lo um 9 Auer ginn d’Diere vum Beeforter Schlass fir d’Saison 2017 op. D’Visiteure kënne bis de 5. November d’Schlass all Dag vun 9 bis 18 Auer (lescht Entrée ëm 17.30 Auer) besiche kommen. Visites guidées am Renaissance-Schlass ginn donneschdes bis sonndes um 11 an um 16 Auer ugebueden an och ausserhalb dësen Zäite si Visites guidées op Nofro méiglech.

An der Maison Theis zu Beefort wor déi lescht Woch d’Generalversammlung vun de Beeforter Schlassfrënn, déi vun der Presidentin Christiane Steinmetzer opgemeet gouf. Am Laf vum Joer sinn et am Verwaltungsrot zu verschidde Verännerunge komm an ënner anerem huet si d’Spëtzt vun der Vereenegung vum Patrick Sanavia iwwerholl.

Am Joer 2016 goufen 33.480 Visiteure gezielt. Dat ass ee Plus vu 5,64 % am Verglach mat 2015 an am Groussen a Ganze sinn an de leschte Joren ëmmer méi Leit d’Beeforter Schlässer besiche komm: 26.350 (2013), 27.990 (2014) an 29.570 (2015). Des Weidere goufen dräi Filmer gedréint, d’Confrérie Héphaistos vun de Schmatten huet fir hiren 20. Jubiläum een internationaalt Treffen organiséiert, eng Pressekonferenz mam Staatssekretär fir d’Kultur Guy Arendt gouf ofgehalen, eng Rei auslännesch Journaliste kruten d’Schlässer gewisen an erkläert, am Juli wor dat traditionellt Schlassfest an Enn August sinn d’Dresdner Salondamen erëm opgetrueden.

Bei der Vermaartung huet een op d’Servicer vu GR-Link zréckgegraff. Hei huet Lynn Weydert ee Gesamtkonzept virgestallt an esou dem Schlass eng nei Identitéit ginn ewéi zum Beispill nei Broschüren, Deplianten, Bréifpabeier, Roll Ups, ee Sigel an och een neien Internetoptrëtt, dee geschwënn online wäert sinn.


Vu lénks no riets: Lynn Weydert, René Champagne, Guy Hanff, Georges Rischette, Christiane Steinmetzer a Romain Thielen.

De Sekretär Georges Rischette huet d’Aktivitéiten nach eng Kéier méi genau virgestallt an ënnerstrach, datt ee mam neie Gesamtkonzept um richtege Wee läit. An der Tëschenzäit goufen iwwer 2.000 Fotoe vum Schlass gemeet an dovunner sinn immens vill Detailfotoen, déi iwwert d’sozial Medien ewéi Facebook, Twitter an Instagramm verbreet ginn. Nieft de Fotoe gouf ee Film produzéiert, deen op de Kanäl vun Youtube a Vimeo ze gesinn ass. De Schwéierpunkt läit um Online (Internet) a manner am Print (z.B. Zeitungen). Sou huet een zum Beispill op Facebook 2.330 Likes, op Instagram 740 Followers an op Twitter 135 Followers.

Op jidde Fall wier ee méi professionell ginn a besser opgestallt a mat der neier Identitéit „Beaufort Castles“ gëtt nach méi ee breede Publikum ugeschwat. Dëst gouf duerch déi ganz gutt Zesummenaarbecht mam Lynn Weydert erméiglecht.

Eng weider Aktivitéit ass d’Filmindustrie, déi mëttlerweil Beefort entdeckt huet. D’Filmer ginn allerdéngs dobausse ronderëm d’Schlass gedréit an nit bannen am Renaissance-Schlass. Mat engem verstännege Präis pro Dag (1.000 Euro) ass dëse Site eng flott Alternativ a suergt fir eng weider Einnahmequell.

Des Weidere gouf et nach mat der Hochzäit Miller-Vosacek eng Première um Schlass. Deemno wéi kéint een hei an Zukunft ee weidert Standbeen opbauen.

D’Joer 2016 gouf mat engem Benefice vun 152.777,42 Euro ofgeschloss, sou de Caissier René Champagne an de Keesebericht gouf vun der Versammlung op Virschlag vun de Keeserevisore guttgeheescht.

D’Ouverture vun der neier Saison gëtt den nächste Weekend, de 7. an den 8. Abrëll, ënnert dem Motto „MagiCastle Nights“ gefeiert. Bei fräiem Entrée, Live-Musek, Videomapping op de Mauere vum Schlass an engem „Food-Truck Village“ wäert fir Grouss a Kleng fir Animatioun gesuergt ginn. Weider Informatioune zu dësem Fest ginn et um Site www.beaufortcastles.com an en Dënsdeg vun 9 Auer op dësem Site beeforter.lu.

Een Hotspot (gratis WiFi) wäert installéiert ginn a sou wäert et méiglech sinn, datt nit nëmmen Touristen hir Fotoe vum Beeforter Schlass op den jeeweilege sozialen Netzwierker kënnen drop setzen. „Rock Classics @ Beaufort Castle“ ginn och dëst Joer keng ofgehale mais et kuckt een awer fir 2018 eppes an där Richtung organiséiert ze kréien.

Duerno wor et den Tour um Jean-Jacques List vum Service des Sites et Monuments nationaux fir ee klenge Bilan ze zéien a verschidden Aarbechte virzestellen. Den Zoustand vun der Heizung ass zimlech schlecht an déi wäert nach virum Wanter 2017 ersat ginn an och den Daach vum Renaissance-Schlass steet op der Lëscht vun de Prioritéite fir dëst Joer. Den Daach vun de Ställ ass ebenfalls an engem schlechten Zoustand an hei gëllt ët fir d’éischt de Zoustand ze stabiliséieren (am Joer 2018).

Baufuerscher hunn d’Baugeschicht vum Schlass ënnersicht an hei goufen interessant Gemeinsamkeete mam Schlass Mansfeld festgestallt. Déi genau a weider Resultater ginn zu engem spéideren Zäitpunkt ëffentlech virgestallt.

An d’Aarbechte vun der Héihscheier sinn 2018 an 2019 Investitiounen an Héicht vun 2,4 Milliounen Euro virgesinn an et ass virgesinn, datt dësen Deel 2020 ka benotzt ginn. Weider Theme woren den Damm vum Weier, dee reparatiounsbedürfteg ass, a grad esou d’Toiletten, déi zwar geplangt sinn awer nach keen definitive Standpunkt hunn.

Zum Schluss bleift nach drop hinzeweisen, datt mam Christian Simon ein neie Landschaftsgärtner agestallt gouf.


De Blummegaart d’lescht Joer am Spéitsummer.

Nom Merci un de Comité ass de Buergermeeschter Camille Hoffmann op d’Situatioun vum Damm an den Toiletten agaangen. Ee weidere Punkte wor eng nei Beliichtung vum Schlass, déi mat den neie Technologien méi einfach ze realiséiere wier. Zudeem ass hien op verschidden Aussoe vum Schlassfest agaangen. Bei dësem Punkt ass sech de Comité vun de Beeforter Schlassfrënn eens, datt si weiderhin fest hannert dëser Manifestatioun sinn wann d’Héihscheier am Joer 2020 fäerdeg ass, da kéint een iwwert de Standuert vun den Zelter nodenken.

De Comité vun de Beeforter Schlassfrënn setzt sech zesummen aus Christiane Steinmetzer (Presidentin), Guy Hanff (Vizepresident), Romain Thielen (Vizepresident a Vertrieder vun der Gemeng), Georges Rischette (Sekretär) a René Champagne (Caissier a Vertrieder vum Syndicat d’initiative et du tourisme), Lily Scholtes (Vertriederin vun der Gemeng) an nach dräi Delegéiert vum Staat an zwar Danièle Kohn-Stoffels, Magali Tasch a Patrick Sanavia.

Wichteg Terminer fir 2017

1. Abrëll: Ouverture vun der Saison 2017

7. an 8. Abrëll: MagiCastle Nights

27. Abrëll: Medieval Discovery 1 (Visite guidée extraordinaire)

26. Mee: Medieval Discovery 2 (Visite guidée extraordinaire)

15. a 16. Juli: Schlassfest

20. Juli: Medieval Discovery 3 (Visite guidée extraordinaire)

26. Juli: Castle K-Nights 1 (Visite guidée extraordinaire)

27. Juli: Medieval Discovery 4 (Visite guidée extraordinaire)

2. August: Castle K-Nights 2 (Visite guidée extraordinaire)

3. August: Medieval Discovery 5 (Visite guidée extraordinaire)

9. August: Castle K-Nights 3 (Visite guidée extraordinaire)

10. August: Medieval Discovery 6 (Visite guidée extraordinaire)

16. August: Castle K-Nights 4 (Visite guidée extraordinaire)

17. August: Medieval Discovery 7 (Visite guidée extraordinaire)