Eng nei Bréck um Schlass

Virun eng gutt sechs Wochen gouf um Beeforter Schlass d’Bréck, déi di zwee Schlässer verbënnt, ofgerappt. Déi al Bréck huet hiren deemools festgesatenen Zweck erfëllt an huet op verschidde Plazen ugefaange mat faulen. Um Ufank wor se eigentlech als eng Verbindungsbréck virgesinn.

Haut, wou d’Schlässer der Öffentlechkeet zougänglech sinn a vun Dausenden Touriste besicht ginn, sinn d’Ufuerderungen un d’Bréck aneschters. Aus der Hëlzebréck ass et lo eng Stolebréck, déi den haitege Standarden entsprécht. Zur Informatioun ass hei de Link zum Artikel, wann déi al Bréck ofgerappt gouf a mat weider Donnéeën zu der neier Bréck.