D’Bréck um Schlass gouf ofgerappt

Momentan si gréisser Aarbechten um Site vum Beeforter Schlass amgaangen: Et kënnt eng nei Bréck tëschen der Buerg an dem Renaissance-Schlass. Déi hëlze Bréck, déi iwwer 30 Joer al ass, huet den deemolege festgesaten Zweck erfëllt a mëttlerweil huet se och nach op den Oplagepunkten ugefaange mat faulen. Zemools op der Säit zu der Buerg hin leeft Reewaasser ënnendrënner an ënnerstëtzt de Faulungsprozess. Ebenfalls d’Gelänner woren nit méi sécher. D’Bréck huet ganz einfach ausgedéngt an den Ufuerderunge vun haut gëtt se nit méi gerecht. Ursprünglech wor se nëmmen als eng einfach Verbindungsbréck tëschen den zwou Säite geplangt an d’Schied sinn an der Tëschenzäit sou grouss ginn, datt ee se nit méi flécke kann. Haut ginn dausende vu Leit a gréisser Gruppen iwwert d’Bréck.

_jos5180

Aplaz vun der hëlze Bréck kënnt elo eng Bréck aus Stol mat Grey-Träger, déi den haitegen Normen an Ufuerderungen entsprécht. Sou zum Beispill wäert se rutschfest, adaptéiert u Leit mat beschränkter Mobilitéit, méi belaaschtbar an och an den Holzfaarwe sinn. Gebaut gëtt d’Bréck mat engem Lamellesystem an an den nächsten zwou Woche soll déi nei Bréck fäerdeg sinn.

_jos5177