Nationalen Dag vum Bam

Am Kader vum Nationalen Dag vum Bam goufen haut am Nomëtteg Beem a Straicher vum Cycle 4.1 geplanzt. D’Aktioun sollt de Moien iwwert d’Bühn goen mais wéinst dem schlechte Wieder gouf et an den Nomëtteg verluecht. Eng ganz gutt Iddi well am Nomëtten huet et nit méi gereent. Virun der Schoul stinn elo fënnef nei Lannen. All Lann stellt ee Kontinent duer. An der Mëtt steet Europa. Wann ee vun der Schoul op d’Strooss zou kuckt, da sti lénks vun Europa Afrika an Australien a riets Amerika an Asien. D’Straicher goufe beim Bësch beim Kinnewee gesat.

Eng kleng Fotosgalerie vun der Planzaktioun: