Eng nei Spillschoul

Präsenzen (8/8): Camille Hoffmann, Lily Scholtes, Emile Wies, Cindy Pereira, Jean-Paul Post, Andreza Sanguessuga, Jean-Paul Stirn, Romain Thielen.

gr20161115
Sämtlech Punkte goufen an der Sëtzung vun en Dënsdeg, de 15. November, eestëmmeg ugeholl.

1. Déi ënnerschriwwe Konventioun gesäit vir, datt d’Kierche vu Déiljen, Beefort an d’Kläischen an de Besëtz vun der Gemeng iwwerginn.

2. D’Ofschlossrechnung beleeft sech am Ganzen op 132.532 Euro an de Staat subventionéiert de Projet mat 21.161 Euro.

3. Nodeems dëse Punkt an der leschter Sitzung vum Ordre du jour geholl gouf, goufen an enger Aarbechtssëtzung weider Detailer gekläert. Déi fréier Gare soll ofgerappt ginn an op dëser Plaz een Neibau entstoen. Den Devis beleeft sech op knapps iwwer 5,1 Milliounen Euro. De Plang vum Neibau

4. Et goufe keng Ännerunge virgeholl an et bleift ewéi dat bis elo da Fall ass.

5. Och bei de Subsiden fir d’Joer 2016 bleift alles nämmlecht an zwar: Pompjeeën 1.250 Euro; Jugendpompjeeën 1.500 Euro;  Musek en suspens; Chorale Ste-Cécile 1.250 Euro; Club des Jeunes 1.000 Euro; Senioren 1.000 Euro; Elterevereenegung 1.500 Euro; Theaterfrënn 500 Euro; Fuesclub 1.000 Euro; Fiolhoso 500 Euro; Amis des Châteaux 7.500 Euro; Judo-Club 7.000 Euro; Äishockey 4.000 Euro; Club Hippique 1.000 Euro; Wanderfrënn 750 Euro; Keleclub 1.000 Euro; Turn- a Sportveräin 2.000 Euro; Lynn fir Olympia 2016 500 Euro; Amicale 750 Euro; Syndicat d’initiative et de tourisme 7.500 Euro.