Eischten Heemmätsch vun der Saison

Den Owend um 20 Auer ass fir de Beeforter Äishockeyclub den éischten Heemmätsch vun der Saison. Géigner sinn d’Cold Play Sharks aus Mechelen. Bekanntlech spillt den IHCB an dëser Saison an der belscher Division 1. Hiren éischte Mätsch konnte se de leschte Samsdeg mat 6:8 géint Herentals gewannen. Mat dräi Punkte steet den IHCB op der véiert Plaz an der Tabell. De Leader ass de Géigner vun den Owend. Si hunn zwee Mätscher gewonn, 18 Goler geschoss an nach kee geschoss kruut.

Verstämarekholyerkt gëtt d’Ekipp duerch den 23 Joer alen Tschech Marek Holy. Nodeems hien dee zwee lescht Joren an der héchster polnescher Liga gespillt huet, ass de Marek fir dës Saison op Beefort gewiesselt. Och nei am Kader vum IHCB ass de Cyril Roux. Den IHCB heescht den Marek an den Cyril häerzlech wëllkommen. Verzichte mussen déi Beeforter dës Saison verletzungsbedéngt op den Thierry Holtzem. Dem Thierry wënscht den IHCB eng schnell Recuperatioun an hofft hien erëm geschwënn um Äis ze gesinn.

Marek Holy