Den David Albert erkläert d’Situatioun vum Hotel-Restaurant „L’Ernz Noire“

D’Nouvelle vun der Fermeture vum Hotel-Restaurant „L’Ernz Noire“ um Grondhaff huet fir ee heftegt Äerdbiewen am Tourismussecteur an der Gastronomie- an Hotelszeen gesuergt. Kaum een Dag vergeet an de lëtzebuerger Medien ouni datt op d’Problemer am Horesca- an Tourismussecteur higewise gëtt. Lues awer sécher wäert bal all Acteur op dësem Gebitt seng Meenung duergeluecht hunn. Mais wat seet eigentlech den Haaptmann, deen de Steen oder besser gesot de Fiels un d’Rulle bruecht huet? Ee Gespréich mam an Erklärunge vum David Albert.

Virgëschter Méindeg, kuerz op 20 Auer. Ënnerwee fir op de Grondhaff bei den David Albert gesäit ee keng eng Mënscheséil an de Stroosse vu Beefort. Am Ausgank vum Duerf mécht den Niwwel sech breet an d’Siicht gëtt eréischt am Bësch méi kloer. Ennen am Dall ass et ee bëssi dréif mais nach laang nit sou schlëmm ewéi uewen zu Beefort. Um Grondhaff ukomm kann ee sech seng Parkplaz eraussichen: Souwuel op der rietser a lénkser Stroossesäit si Plaze fräi.

Aus dem Auto erausgeklomme geheien ech ee kuerze Bléck an de Restaurant. Op den éischte Bléck gesäit ee keen dobannen mais awer si Leit dobannen. Eng eeler Koppel sëtzt am Eck a si si sougutt ewéi fäerdeg mam Owesiesse seet den David Albert, deen de ganze Komplex virun eng 16 Joer vu sengem Papp ofkaaft huet an de Restaurant opgefrëscht huet.

Am Gebai sinn 11 Zëmmere ënnerbruecht, déi deemnächst misste renovéiert ginn. Den Zoustand ass zwar nit dramatesch mais d’Zäit wier awer do seet den 43 Joer ale Kach, deen ë.a. Lëtzebuerg beim Bocuse-d’Or-Concours vertrueden huet. D’Renovatioun kascht eng 30.000 Euro minimum pro Zëmmer a wann ee wëll ee bëssi Luxus an d’Zëmmer ënnerbréngen, da kënnt ee séier op 50.000 Euro. Pro Zëmmer wuel gemierkt an d’Imprevuen mol nit agerechent. Sou kënnt ee ganz séier op eng Investitioun vun op mannst 350.000 Euro. D’Aarbechte géifen ee gutt halleft Joer an Usproch huelen, eng Period, an där keen Akommes méiglech ass well de Restaurant an den Hotel zou hunn. Sou eng Investitioun kann nëmmen duerch ee Prêt finanzéiert ginn. 20 Joer lang zréckbezuele wier eng gutt Zäit well no der leschter Mensualitéit kéint den David Albert mam rouege Gewëssen an d’Pensioun goen. Souwäit d’Theorie mais wat geschitt duerno? Wäert dem David säi Bouf, deen haut aacht Joer jonk ass, de Betrib iwwerhuelen? Eng Garantie dofir gëtt et nit a genee do läit ee vun de sëlleche Problemer am Hotelsecteur.

_jos5054Den David Albert mecht sech selwer op d’Sich vu Champignonen, déi herno vun him verschafft ginn.

De Mëllerdall ass eng strukturschwaach Regioun an ëmmer méi Hoteller sti fir ze verkafe well keen Nofolger do ass. Den David Albert nennt e puer Beispiller vu Betriber, déi an der Vente stinn: Hotel „Cascades du Mullerthal“, den „Le Cigalon“ an och de Camping do hannendrun. Si alleguer leie beineen resp. niefteneen am Mëllerdall. Ee weidert Beispill ass de Grand Hôtel am Agank vun Iechternach an a verschidden aner Haiser an der Regioun ass eng Relève nit sécher. Eng Situatioun, déi een zum Nodenke bréngt.

Mat „nëmmen“ 11 Zëmmeren ass den Hotel „L’Ernz Noire“ ze kleng fir kënne Gruppen ënnerzebréngen. Allerdéngs hänkt et och of wéi eng Gruppen ënnerwee sinn. Déi sougenannt Velosgruppen hunn aner kulinaresch Virstellunge vis-à-vis vun de Gourmets, déi sech an engem Restaurant verwinne loossen. Déi zwou Gruppe beieneen an engem Restaurant dréit nit onbedéngt zu enger agreabeler Atmosphäre bäi.

Des Weideren ass d’Offer fir déi auslännesch Gäscht nit optimal. Ofgesi vu Wanderweeër an Trëppeltier ginn et keng weider Alternativen an der Regioun. Do misst ee schonns iwwer d’Grenze goen wann ee mat de Kanner beim schlechte Wieder wéilt eppes ënnerhuelen. De „Couponstourismus“ haat an der Zäit fir kräfteg Emsätz gesuergt. Duerch d‘Bankgeheimnis, dat ëmmer méi Lächer kritt, bleiwen déi auslännesch Clienten, déi hir Suen zu Lëtzebuerg plazéiert hunn, aus. Fréier si si regelméisseg op Lëtzebuerg komm an hunn hire finanzielle Gewënn zum Deel direkt am Ländchen ausginn. Sou ee staarken Impakt vum Couponstourismus gouf vun der offizieller Säit einfach ënnerschat.

Ewéi schonns gesot sinn op mannst 350.000 Euro néideg fir an déi nei Zëmmeren ze investéieren, an eng onsécher Zukunft, wou kee ka soen, ewéi et viru geet. Et ass keng Garantie, datt de Betrib um Grondhaff, dee weiderhin schwaarz Zuelen opweise kann, duerch déi Investitioun méi Iwwernuechtunge verbuche kann.

Den David Albert ass ee passionéierte Kach. An der Kiche kann hie sech entfalen a seng Iddien op den Teller virdroen. Den Hotelbetrib dergéint ass fir hien eng Laascht, déi hie bei senge Kreatioune bremst. Virun engem halwe Joer koum eng Alternativ op den Dësch an no laangem hin an hier ass d’Decisioun gefall. Hien hëlt déi nei Erausfuerderung un a mat schwéierem Häerzen gëtt bei „L’Ernz Noire“ ee Schlusspunkt gesat. Den neie Projet huet och een Numm an en heescht „De Klautjen“.

klautjen1„De Klautjen“ um Rouscht (Gemeng Bissen).

„De Klautjen“ ass nit nëmmen den Numm vum Biisser Gemengeblad mais an Zukunft och vum neie Restaurant um Rouscht, deen am Mäerz/Abrëll 2017 opgoe soll. De Rouscht huet sech an de leschten Joren därmoosse verännert, datt een e bal nit méi erëmerkennt. Wann een eng Kéier Zäit huet, da soll een, deemnowéi aus wéi enger Richtung ee kënnt, d’Sortien Colmer-Bierg resp. Mierscherbierg huelen an iwwert de Rouscht fueren. Einfach onwahrscheinlech wéi sech dës Plaz entwéckelt huet an et geet weider. Elleng duerch den Automotive Campus um Site vun der fréierer Wire Plant vun der Goodyear, dee bis 2018 zum gréissten Deel soll fäerdeg sinn, kommen iwwer 1.600 nei Aarbechtsplaze bäi. Hei ginn tëschen 30 a 35 Milliounen Euro investéiert a weider grouss Entreprisen a Garage wäerte sech och hei néierleeën.

„De Klautjen“ wäert, laut de virleefege Pläng vum David Albert, moies um 6.30 Auer opmaachen. De Schwéierpunkt läit dee Moment bei ë.a. Bréidercher, Kaffi an Zaloten, alles fir mat op d’Aarbecht matzehuelen. Dat alles fënnt een an engem „Take away“ um Rez-de-Chaussée. Mëttes gëtt dann um éischte Stack den Dagesmenü zerwéiert an owes ass ët dann de „klassesche“ Restaurant à la carte. Virgesi si traditionell Menüen ouni extravagant ze ginn mais awer mat Produkter aus der Regioun, esou wéi een et aus sengem Restaurant um Grondhaff gewinnt ass. Eng 70 Leit kënnen am Restaurant zerwéiert ginn a mëttes funktionéiert och den „Take away“. An och hei kann een de Plat du jour mathuelen, waarm oder kal fir duerno op der Aarbecht opzewiermen. Sonndes wäert de Restaurant zou sinn.

klautjen2Ënnen ass den „Take away“ an uewen um éischte Stack de Restaurant.

Am Géigesaz zum Grondhaff liewen a schaffen um Rouscht an an engem Ëmkrees vun zéng Kilometer puer Dausend Leit, alles potentiell Cliente vum „De Klautjen“, deen duerch ee Prêt finanzéiert gëtt a genau hei kann den David Albert eng flott Anekdot erzielen. Genau 12 Deeg, nodeems hie säin Dossier eraginn huet, koum vun der Bank den Accord. Nit nëmmen den David Albert ass vum neie Projet iwwerzeegt mais och d’Bank. Wat wäert dann elo aus dem Hotel-Restaurant „L’Ernz Noire“ ginn? Den éischte Gedanken ass ët fir Wunnengen doraus ze maachen.

Zum Schluss bleift nach drop hinzeweisen, datt de leschten offiziellen Dag vum Hotel-Restaurant „L’Ernz Noire“ um Grondhaff den 11. Dezember 2016 ass.