Offiziell Ouverture an der Soup

Obwuel d’Soup zanter enger Zäitchen erëm op ass, wor gëschter Freideg déi offiziell Ouverture. Puer Deeg virun dësem offiziellen Akt kruten d’Awunner vu Beefort eng Invitatioun an hirer Bréifboîte an als Erënnerung ass hei nach eng Kéier de Flyer. beimluis30092016

Eng Rei Leit aus dem Duerf, Vertrieder vun de Veräiner, der Gemeng, Sponsoren, Partneren a Frënn asw. hu sech et nit huele gelooss fir dann Ausgang Beefort Richtung Reisduerf an dat neit Lokal kucken ze goen a wou se dann direkt mat enger Coupe Crémant empfaange goufen. Begleet gouf d’Coupe Crémant mat verschiddene Zorte vun Amuse-Bouche.

De Café/Bar an der Soup ass ofgesi vun dënschdes all Dag op an zwar vu méindes bis donneschdes vu 16 bis 1 Auer. Freides a samschdes ass fräi Nuecht ugesot an esou ass d’Lokal da vu 16 bis 3 Auer moies op. Sonndes ginn d’Diere schonns moies um 11 Auer op an owes um 1 Auer ass rëm Feierowend ugesot.

E puer Andréck a Fotoe festgehale vun der Ouverture:

_jos4642

D’Ekipp aus der Soup (v.l.n.r.): Fonseca Luis Fernandes, Maria Olivia da Silva Almeida, Jessica Weirich, Jena Edward Diederich an de César Correia.

_jos4649

Den éischte Comptoir an der Entrée vum Lokal.

_jos4659

Am zweete Raum ass nach ee weidere Comptoir mat Zapanlag.

_jos4655

De Buergermeeschter Camille Hoffmann mam Andreza Sanguessuga (Gemengerot).