Zing nei Géigner a 20 Mätscher fir den IHCB

Den Äishockeyclub Beefort start an der Saison 2016/2017 an der belscher Nationalliga. Nodeems den IHCB déi lescht Joren an Däitschland an der Rheinland-Pfalz-Liga gespillt huet, huelen d’Beeforter dës Saison eng nei Erausfuerderung un, an hu sech an déi staark Div1 an der Belsch gemellt. D'”Ligue National Belgique” besteet aus eelef Equippen: IHC Beaufort, HYC Herentals, Sharks Mechelen, Haskey Hasselt, Gullegem Jets, Leuven Chiefs, Bulldogs Liège, Antwerp Phantoms, Olympia Heist op den Berg, Turnhout Tigers a Red Roosters Charleroi.

D’Championnat fänkt fir den IHCB e Samschdeg, den 15. Oktober, mat engem Auswäertsmatch zu Herentals un an den éischten Heemmatch ass de Samschdeg drop den 22. Oktober zu Beefort. All Heemmatcher vum IHC Beaufort ginn um 20 Auer op der Äispiste zu Beefort gespillt. De genauen Spillplang fënnt een och hei um Site.

Ice Hockey Club Beaufort: www.ihcbe.lu