“Night Vigil” vun der CAGGD

De “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” (CAGGD) huet de leschte Samschdegmoie bei wanterleche Minustemperaturen un den Ufank vun der Rundstedtoffensiv vum 16. Dezember 1944 erënnert.

No enger kuerzer Usprooch vum Buergermeeschter Camille Hoffmann goufe Blumme bei der Tafel vun der GI un der Kierchemauer geluecht, begleet vum “The Last Post – The Star Spangled Banner” an d’Heemecht, déi vum Edmond Faber gespillt goufen. Weider Blumme goufe virum Monument aux Morts fir d’Verstuerwen aus dem Zweete Weltkrich geluecht an aus der Trompette koumen dës Kéier d’”Sonnerie aux Morts” a “Stille Nacht”.

Virun der Mass hu sech de “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” an hir Frënn fir eng Gruppefoto opgestallt an an der vum Aumônier Nicolas Wenner zelebréierte Mass gouf sech un déi schwéier Zäit vun deemools erënnert. Musikalesch encadréiert gouf d’Mass vun de Chorale Sainte Cécile Beefort souwéi “Sang mat Waldbëlleg-Haler”.

Bei de Kräizer virum Kummelsbau huet de CAGGD déi nächst Blummen déposéiert an den Edmond Faber huet hei “The Last Post – The Star of Spangled Banner”, d’Heemecht an als Ofschloss “Stille Nacht” gespillt. Zum Ofschloss vun de Gedenkfeierlechkeete goufen nach Blumme virun der Stèle vum T/Sgt Bob Hebert um Schéidbierg geluecht.

Zeréck am Kummelsbau huet d’Gemeng den Éierewäin offréiert an d’Membere a Frënn vum “Cercle des Anciens de la Garde Grand-Ducale” hu beim Mëttegiessen e puer gemittlech Stonne verbruecht.