Zweete Beeforter Wantermaart

Nom grousse Succès d’lescht Joer hunn d’Beeforter Duerffrënn mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de lokale Veräiner och dëst Joer hire Wantermaart organiséiert. Ugefaangen huet den Dag moies mat engem Adventsgottesdéngscht am Haff vum Renaissance-Schlass, dee vun der Pastoralassistentin Josiane Mirkes gestalt a vun den “Trompes de la Vallée des Sept Châteaux” encadréiert gouf. Zum Ofschloss goufen d’Déiere geseent an et woren d’Hënn déi de Seegen kritt hunn.

Ze Fouss oder mat der Navette vu verschiddene Plazen aus dem Duerf sinn dunn d’Leit ab 12 Auer op de Wantermaart am alen Duerfkäer an der Montée du Château komm. Hei konnte se op de sëllege flotte Konscht- an Hobbystänn déi éischt Kaddoe fir Chrëschtdag besuergen oder sech selwer eppes gënnen. Tëschenduerch a bis an de spéiden Owesstonnen eran hunn eng Rëtsch Veräiner an der Scheier, déi ufanks der Woch ofgerappt gëtt, eng Stäerkung ugebueden. Eppes géint den Honger an den Duuscht war also gesuergt an dat Ganzt a Begleedung vum Orchester “Haemelmous Duo”, dem Rom Thielen a Claude Juchem.