Eischten Heemmätsch no 600 Deeg

Gëschter Owend wor den éischten Heemmätsch zanter annerhalwem Joer vun de Beaufort Knights zu Beefort an dat géint Mechelen Whales. Nodeems se d’lescht Woch am éischte Mätsch vun der Saison géint Olympia Heist 8:6 verluer hu gouf et gëschter Owend am Niwwel virun 250 Zuschauer eng 7:6-Victoire no Penaltyschéissen.

Am éischten Drëttel stoung et séier 0:3 fir d’Gäscht vu Mechelen a bis déi éischt Paus konnte se op 2:3 verkierzen. Tëschenduerch konnte si de Mätsch dréine mee leider war dat net laang de Fall. Zwou Sekonne virum Schluss vum Mätsch hunn d‘Beeforter den Ausgläich zum 6:6 geschoss. Am uschléissende Penaltyschéisse gouf nëmmen ee Penalty verwandelt an dat vum Mirko Mosr. De Beeforter Goalie Michel Welter huet sämtlech Penaltien paréiert an huet esou séng Ekipp zum Heemerfolleg verhollef.

Den nächsten Heemmätsch zu Beefort op der Äispist ass an zwou Woche géint Hyc Toekomstteam.