Monologe mam déiwen Hannergrond

Nom Start vum drëtte Beeforter Theaterfestival virun zwou Woche ass de Programm gëschter Sonndeg op der Buerg weider gaangen. Um Agenda stoungen an Zesummenaarbecht mat de Beeforter Schlassfrënn “Monologues du Monde”, déi am Nomëtteg a méi spéit owes nach eng Kéier presentéiert goufen.

All Kënschtler ass eng gutt 20 Minutte op enger vun den zwou Büne opgetrueden an zum Asaz koumen déi hei am Land üblech Sprooche Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. D’Monologen hunn déi verschidden Interpretatiounen an Approche vun de groussen Theme vun der Mënschheet representéiert ewéi zum Beispill d’Léift, tëschemënschlech Relatiounen, Existenz a Sexualitéit.

D’Texter vun de Monologe stame vun de Schrëftsteller Jean Portante, Mandy Thiery, Michel Clees, Simone de Beauvoir, Anton Chekhov, Céline Delbecq, Eve Ensler an Isabel Allende an déi goufe vum Pauline Cano, Georges Goerens, Isabel Wolff, Marc Bonert mam Nora Noush, Valérie Bodson, Sven Klees, Romy Malget, Monique Hartmann a Marie-Paule Greisch ënnert der kënschtlerescher Leedung vum Natalia Sanchez virgedroen.

Ofgeschloss gëtt de Festival den nächste Samschdeg mam Stéck “Le rire est avenir” um 20.30 Auer op der Buerg.