Eng Biergwäertung zu Beefort

Déi drëtt Etapp vum Tour du Luxembourg goung vu Munneref op Mamer. Op deenen 189,3 Kilometer sinn d’Coureuren no 90 Kilometer duerch Beefort gefuer an genau op 88,9 Kilometer stoung eng Biergwäertung vun der éischter Kategorie um Programm. Mat enger Moyenne vun iwwer 45 Kilometer pro Stonn sinn d’Cyclisten e puer Minutte virun der séierster geplangter Zäit passéiert.

Ee Grupp vu fënnef Cyclisten (de Lëtzebuerger Alex Kirsch, Jasper de Buyst, Kennetz van Rooy, Ben O’Connor a Philipp Walsleben) haten zu Beefort bal dräianenghallef Minutte Virsprong op de Peloton a bei der Biergwäertung konnt sech de Jasper de Buyst virum Alex Kirsch duerchsetzen.

D’Etapp huet de Sacha Modolo am Sprint gewonnen a fir den Italiener war et no dräi Joer rëm eng Victoire, déi 47. als Profi. A senger Carrière huet de 34 ale Vëlosfuerer ënner anerem schonns zwou Etappe beim Giro d’Italia an eng Etappe beim Tour de Suisse gewannen. Schlussgewënner vum Tour de Luxembourg gouf de Joao Almeida aus Portugal, deen dëst Joer och den Tour a Polen fir sech entscheede konnt.