Ee komescht Joer

D’Joer 2020 huet och bei de Pompjeeën ee battere Bäigeschmaach hannerlooss an et wor ee komescht Joer sot den Etienne Vrolijk, Zenterchef vum Beeforter “Centre d’incendie et de secours” a gläichzäiteg President vun der “Amicale Pompjeeën Beefort asbl”. Duerch déi bekannten Ëmstänn ass d’Joer komplett aneschtes verlaf ewéi geplangt. Ausgefall sinn eng sëlleg Übungen an och d’Asätz vum “First Responder” gouf zäitweis agestallt. Opfalend waren am Réckbléck déi vill Brandasätz an zwar virun allem Vegetatiounsbränn.

2020 goufen am Ganze 87 Asätz gezielt an dat sinn der genau 50 Asätz manner ewéi 2019. D’Asätz setze sech zesummen aus 59 “First Responder” (37 manner ewéi 2019), 13 technesch Asätz, aacht Brandasätz, fënnef Verkéiersaccidenter an zweemol Feelalarm.

Vu que, datt vill Aktivitéiten net konnten ofgehale ginn, deementspriechend kuerz ass de Bericht vun der Sekretärin Tanja Weis ausgefall. Et ass wuel de kierzten Aktivitéitsbericht an der Geschicht vun de Beeforter Pompjeeën, déi am Joer 1881 gegrënnt goufen. Ugefaangen huet d’Joer mat engem Iessen an d’Asammele vun de Chrëschtbeemercher. No der Generalversammlung stoung nach d’Buergbrennen um Programm an dann ass guer näischt méi gaangen.

Eréischt am September konnt mam Verdeele vun de Flyere fir d’Memberskaarte rëm eng Aktivitéit verzeechent ginn. Vun Dier zu Dier ze schelle wor jo leider net méiglech. Zudeem hu sech d’Pompjeeën den 1. Dezember un der Aktioun “Adventsfënsteren” bedeelegt an zum Ofschloss vum Joer krut all Member ee Bong geschenkt. De Comité huet sech siwe Mol getraff an den 19. Mäerz gouf seguer eng Sitzung online gehalen.

D’Jugendpompjeeën hate siwen Übung an nëmmen eng Aktivitéit konnt organiséiert ginn an zwar zesumme mat de “grousse” Pompjeeën d’Buergbrennen esou d’Vertriederin vun der Jugend Lyn Stangé. 14 Meedercher a Jongen am Alter vun aacht bis 16 Joer gehéieren zu der Ekipp vun de Jugendpompjeeën. Am Laf vum Joer si fënnef Jugendlecher bei d’Pompjeeë gewiesselt a véier Jugendlecher hunn opgehalen.

De Keeserapport, virgedroe vum Joé Georg, gouf op Virschlag vun de Revisoren Hubert Sauber a Jean Bosch vun der Versammlung ugeholl. Gläichzäiteg war dat de leschte Rapport vum Joé Georg, dee säin Amt als Keessjee net méi weiderféiert an am Comité opgehalen huet. Et ass eng Kandidatur fir dee Posten erakomm a per Akklamatioun gouf de Corey Dupont confirméiert.

Verschidde Pläng fir dëst Joer goufe schonns op d’Kopp geheit. Dozou gehéieren eng gemeinsam Ski-Vakanz Enn Januar, déi elo op 2022 verluecht gouf, an am Juni d’Visitt vun der “Interschutz” zu Hannover, déi och op d’nächst Joer verluecht gouf. D’Buergbrennen den 21. Februar wäert an de soziale Medien live iwwerdroe ginn. Am August ass ee “Weekend-Fëschen” geplangt an elo de 26. Mäerz ass eng Zort Porte ouverte vun de Jugendpompjeeë virgesinn, déi zesumme mat de Pompjeeën hir Aktivitéite virstellen. Des Weidere soll een neie Camion geliwwert ginn mee den Datum gouf nach net matgedeelt.

Dräi Pompjeeën kruten am Laf vun der Versammlung fir hiren Asaz Merci gesot an ee Kaddo iwwerreecht: Andy Wagner, Guy Tholl an de Joé Georg. Déi zwee Éischtgenannten hunn als Sektiounschef opgehalen a bleiwen dem Comité weiderhin erhale wärend de Joé Georg sech aus dem Comité zréckzitt. 

Ee Merci kruten déi dräi genannte Leit an och de komplette Corps vum Buergermeeschter Camille Hoffmann. Gläichzäiteg huet hien een Opruff un déi jonk Aktiv gemeet fir sech méi an de Virdergrond ze stellen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Erënnere mer, datt d’Pompjeeë sech ganz aktiv un der Aktioun vun der Verdeelung vun de Masken am Fréijoer bedeelegt hunn an duerch d’Situatioun ass och d’Iwwerreechung vun de Medaillen op Nationalfeierdag ausgefall. Bedéngt duerch déi nei Strukturen am Pompjeeswiesen ass elo eng aner Zesummenaarbecht tëschen de Pompjeeën an der Gemeng. Reegelméisseg gesäit een Nopeschcorpsen zu Beefort am Asaz well dat eben esou vun den Entscheeder decidéiert gouf. Trotz dësen neie Strukture wäert d’Amicale wéi bis elo vun de Pompjeeë gewinnt hire Bäitrag zum aktiven Duerfliewe bäidroen.  

Op den traditionelle Patt huet een dës Kéier misste verzichten a beim Erausgoen aus dem Sall an der Jugendherberge, wou d’Generalversammlung stattfonnt huet, kruten d’Pompjeeën hir nei Gala-Tenue.

De Beeforter Asazzenter zielt 30 aktiv Memberen, zwee inaktiv Memberen a 14 Jugendpompjeeën. Geleet gëtt hien um Zenterchef Etienne Vrolijk an Andy Wagner als säi Vertrieder, Administratioun Etienne Vrolijk, Jugend Lyn Stangé, Logistik an Technik Andy Wagner, Formatioun Corey Dupont. De Comité vun der Amicale setzt sech zesummen aus Etienne Vrolijk (President), Andy Wagner (Vizepresident), Tanja Weis (Sekretärin), Corey Dupont (Keessjee), Lyn Stangé (Vertriederin vun der Jugend), Christian Kröger a Guy Tholl (Memberen).